Zënter mengen éischte Joren als Basketarbitter hunn ech bei internationalen Jugendtournoien matgemaach, wou ech vill Erfarung gesammelt hunn an och vill Spaass hat. Dës Tournoien hunn mir immens gehollef, besser ze ginn an de Basketball aus enger anerer Perspektiv ze gesinn.
Mat der Zäit sinn ech ëmmer méi wäit komm. Ech hunn eng Coupe-Finall gepaff, vill Coupe-Halleffinallen an och eng ganz Rei Championnatsfinallen. Dës Matcher waren ëmmer eppes Besonnesches fir mech, well et net nëmmen spannend war, mee och eng grouss Éier. All dës Erfarungen hunn mech als Arbitter a Persoun geformt.
Ech si frou iwwer dat, wat ech bis elo erreecht hunn, an ech freeë mech op alles, wat nach kënnt!