Cookies aus dem Waffeleisen

Haut hat ech mol Loscht fir eppes mam klenge Philippe ze maachen. Mär hunn eis do decidéiert fir Kichelcher ze maachen, well hien se sou gär huet. Mam Waffeleisen geet dat souguer ganz schnell! An d’Kichelcher sinn deck lecker.Hei ass mol d’Rezept:

  • 120 g Botter
  • 100 g brongen Zocker
  • 100 g Miel
  • 100 g Haferflocken
  • 150 g Schokostreisel
  • 2 grouss Eeër
  • 1/2 Pack Vanillzocker
  • 1 gestachenen TL Bakpolver
  • eng Prise Salz

Einfach alles mëschen, an dann ab dermat an den Waffelchers-baacker. Ech hunn mam Kaffisläffel Portiounen gemaach, an d’Kichelcher hunn sou grad déi richteg Gréisst kritt. Gudden Appetit!PS: E puer Tipps ginn et nach op der Säit, wou ech d’Rezept fonnt hunn.

Cookies aus dem Waffeleisen (Belgusto Blog). Vielen Dank an den Herausgeber dieses Blogs für das leckere Rezept!

Back in Action

Ech sinn erëm do! Anscheinend sinn ech sou eppes wéi e Vakanzen-Blogger, ëmmer an de Vakanzenzäiten fannen ech den Tour fir mäi Blog erëm opliewen ze loossen. Dës Kéier alt erëm mat engem neie Kleed an e puer aner Neierungen.

Enner anerem ginn ech heiansdo eng (immens) kuerz Meenung zu verschiddenen Filmer of. Fir méi detailléiert Kommentare giff ech jiddereen op http://blog.pianocktail.lu/ verweisen. Ech well just eng ganz kuerz Stellungnahm zu de Filmer huelen. Ech hunn et elo sou agestallt, dat e Klick op de Film direkt op Amazon geet, iwwert mäin Account beim Amazon-Partner-Programm (Vläicht kréien ech jo och mol eng Kéier e Bon vun hinnen dann, fir meng sëllech Akeef do ze finanzéieren). (more…)

Um Spaweck

Ahh, zenter laangem emol erem en klengen Update. Awer just e klengen… De Rescht kennt der ierch selwer um Spaweck zesummesichen. Komesch iwerhaapt weieng Saachen een um Spaweck sou fennt. E klenge Link op Twitter, e Klick weider, an schon ass een op http://icanhascheezburger.com/ an mat nach engem Klick weider op http://failbooking.com/ …

funny facebook sympathy bj Um Spaweckhttp://failbooking.com/2010/03/15/funny-facebook-fails-sympathy-blowjays/

(more…)

Sex talk

Waat een sou am Bett dierf soen, bleift jiderengem op mengen ech, mee anscheinend gin et e puer Saachen, déi kee sollt soen, wei zum Beispill:

  1. Daddy – De Klassiker

    The undressed

    CC License credit:

  2. – Wee seet daat dann?
  3. Taxes – Mhh net ganz bei der Saach?
  4. Baby-girl (Lol)
  5. #Insert ex’s name here# Hehehe kloer…
  6. Mommy

Dest ass e Best-Of vun: 36 Words You Should Never Say In Bed (Link)

Scene vum Dag

Runner

D’läscht an der Klass… Meng Dier steet meeschtens op, well ech fannen dat jidereen Zougang zu mengem Cours kann hun. Dofir kreien ech dann heiensdo witzeg Sachen mat.

Maja, ech setzen relax bei mengem Pult, meng Schüler schreiwen eng kleng Aufgab, an beemol heiert ee Lachen um Gang. Ech kucken op an gesin zwee Schüler iwert den Gang sprinten.

Ech natirlech hannendrun. Déi zwee, aus dem Accueil, sin schweier ze verstoen, ech probeieren mat Hänn a mat Féis ze kommunizeieren (si schwätzen just Potugiesesch an e ganz klengt bessen Franséisch). Näischt ze machen… Ech begleeden se alt mat bei hier Enseignante. Do gin ech da gewuer, dat déi zwee am Fong virun d’Dier gescheckt gi waren … Witzeg – wat se awer op creativ Ideen kommen fir d’Zäit erem ze kreien.

Youtube Videos

Youtube huet elo 1080p-Videoen… Ech fannen et erstaunlech waat fir eng Qualitéit daat mer an teschenzäit vun do kreien, wann e bedenkt wei déi Videoen virun net all ze laanger Zäit ausgesin hun. Faméis!

Hei sin der e puer, déi een sech eranzeien kann:

http://www.youtube.com/watch?v=4N2YWRJ-ppo

http://www.youtube.com/watch?v=qtBbLSdj-G8

http://www.youtube.com/watch?v=2v-svozQvc4

Ennen riets huet ee jo de Knäppchen fir HD, do kann een elo teschent 720p an 1080p erauswielen. Genéisst et :-)

Die Siedler 7

Ech hun grad eppes erausfonnt. Nächst Joer soll en neien Siedler erauskommen. Bestemmt sin der och enner menge Lieser, déi gesiedelt hun :) De Video fannen ech op alle Fall deck gudd.

Enjoy:

(more…)