Baby Philippe: Biller
Ganz stolz präsentéiert d’Mama Nathalie an den Papa Dan erem néi Fotoen vum Baby Philippe:
Méi kennt der der hei fannen!
- a blend of rambles
Ganz stolz präsentéiert d’Mama Nathalie an den Papa Dan erem néi Fotoen vum Baby Philippe:
Méi kennt der der hei fannen!
Et ass jo schon e bessen hier, zenter ech fir d’läscht geschriwwen hun, mee et soll ee jo och net egalwaat online setzen (net daat do egal waat geschriwwe gett…)
Ech hun awer op alle Fall eppes Interessantes fonnt iwer waat ee schreiwe kann. An zwar meng neiesten Erfahrung mat Betriiiiibssystemer. Do wier dann mol un eischter Stell de Vista, op deem ech zenter e puer Wochen schaffen.
Bon…déier ass déi Saach jo schon. Mee et bezillt ee jo schliesslech fir den Numm Mickysoft schon mindestens 200 Euro (déi 39 Euro méi gin dann fir den System drop; jo, ech si Systembuilder, mee et ka sin daat ech daat aanescht interpreteieren wei MS). Duerno huet een dann d’Freed, eppes ganz neies ze hun. Heiheem ukomm, nom menger laanger a beschweierlecher Rees vun Tréier op Sandweiler, hun ech mol fir d’éischt meng Back-up’en färdeg gemach.
Erstaunlech war awer duerno, wei schnell et gaang ass fir den C: ze formateieren, an duerno den Vista ze installéieren. No 1 Stonn 30 war alles un an aus. Fir duerno, all déi Programmer, déi ech emmer brauch, an onbedingt muss hun, an net drop verzichte kann, erem ze installeieren an ze konfigureieren, daat huet dunn awer bessi méi laang gedauert. An dann muss een sech jo och nach mam Vista bekannt machen, am Beschten in-depth. Op http://tweakvista.com/ fennt een awer eng ganz Rei Erklärungen an Tips.
Sou wäit, sou gudd… Vista leeft, an huet nach keng gréisser Problemer gemach. Leider ass MS nach emmer net dervun ofkomm fir den Léit ze erlaaben, e besse méi Eye-Candy kennen ze hun. Sou ass den Look vum Vista Explorer am Maximized net gudd! Gefällt mer guer net! Firwat Aero, wann ech dann am Full-Screen sou en topesch däischter Rum hun? Mee och do gett et Ofhellef. Mat VistaGlazz ass dee Problem awer seier behuewen. Domat kann een iwregens och eegen Themes benotzen (ouni Windowblinds) oder der vun iirgendwou eroflueden.
Dun hun ech geduecht, ech keint jo net sou een mainstream sin oder bleiwen… Op Ubuntu.com fennt ee jo och ee Betriibssystem, waat et fir näischt gett. An och nach open-source. Ausserdeem wollt ech schon emmer emol Linux an Windows dual-booten. Geduecht, gemach…
Fir d’eischt awer mol nach ee Problem. Waat soll ech dann elo huelen: Ubuntu, Kubuntu, Edubuntu, Xubuntu, Gobuntu?!?!? Do soll nach een eenz gin – Naja, Ubuntu dann. Iso erofgezun, Partition geännert a lass.
Am Ufank leeft daat jo scho super. Ouni vill Astellungen mussen ze machen, an ouni vill installeieren ze mussen, huet een direkt Firefox an OpenOffice schon drop, enner villen aaneren interessante Programmer… Awer e puer Maakel huet en awer och – oder soen mer e puer, déi mech vill genervt hun, an derzou beweegt hun fir den Ubuntu erem erof ze geheien – fir daat emol firweg ze huelen.
Mee loosse mer vu fir ufänken: Wéi gesoot, nom eischten Install leeft alles. Awer no e puer Astellungen an sou weider mierken ech d’eischt emol, daat meng Maus zwar geet awer net sou wei ech et well. Ech hun nämlech beim Daum och nach 2 Knäppecher, an och nach ee Zoom – et ass eng Logitech MX600 aus dem MX3200-Set. “Och, net sou schlemm”, denken ech. Bis ech op de Forumer vun Ubuntu an bei Google liesen, daat et KENG einfach Léisung get. Mat laaaaaaaaaaaaaaaaangem Gekniwwels ass et dun awer gaang.
Du well ech dann eppes drucken – et muss ee jo och mol eppes fir d’Schoul prépareieren als Schoulmeeschter. Mee den Drucker ass och net opgelescht. Och dofir sichen ech op der weltwäiter Informatiounswell no enger Léisung – déi ech awer och net sou séier fannen. Anscheinend sin en Netzwierkdrucker an Ubuntu net frou mateneen. Daat et sou eppes an eisem Zäitalter nach gett… Nujee, ech keint nach sou weiderfueren, mee loosse mer daat leiwer sin. Lange Rede, kurzer Sinn – Ubuntu ass net méi op mengem PC.
Ech loosse mech lo gären vun eisen Linux-Liebhaber iwerzeegen – mat gudden Argumenter…
Sou wäit zu menger Erfahrung mat deenen zwee Systemer – mol kucken, wéi et deemnächst mat der nächster Uschaafung leeft, en Ipod Touch (ajo, soll ech deen jailbreaken oder net?). Zum Schluss nach e puer Verweiser:
Ech kommen haut vun engem groussen Tour aus Däitschland erem, an do gesin ech, daat mäi Anti-Spam-Plugin 3 message geblockt huet… Ahhh denken ech, daat ass jo gudd!
Pustekuchen … Den claud^e wollt nämlech laut dem WassUp plugin bei mier ee comment schreiwen … Firwat och emmer, dee komeschen Anti-Spam-Plugin wollt dei comments net an huet se geläscht! Wéi denkt der bestemmt elo… an ech hun daat selwecht geduecht, dee kann dach net einfach läschen …
Ma ech hun deem Plugin gewisen wéi einfach daat mat deem läschen geet! Do hun ech heen nämlech geläscht…
Maja, claud^e, ech hoffen du bass mer net béis, falls du geschriwwen hues
Ech konnt mer et elo net verquessen (schreift een daat sou?) an hu missten dem Sven säi Video vu seven.lu och eng Keier posten.
Daat wier dach e Film, deen onbedingt misst gedreint gin, nee? Ech mengen ech kennen keen, deen net Fan vu Zelda ass! Ech hun op alle Fall eng ganz Réi vun de Zelda-Games gezockt, an daat läscht nach guer net sou laang hier! An iirgendenger Reiefolleg, déi heiten waren et:
Ech wees, et gi Léit, déi zevill Zäit mat Videospillen verbrengen… Mengen ech zumindest emol, an ech mengen et kann ee mech och derbäi zielen. Ajo, op de Film vun World of Warcraft wirklech erauskennt, musse mer jo och nach kucken … Ahh, alt nach ee Videospill
Blogging zu Letzebuerg – Ech mengen ech sin durch Zoufall op déi richteg Léit getraff, déi mech e besse kenne féieren a mengem Wee duerch déi Letzebuergesch Blogwelt. Den blogeescht huet mer eng Mail gescheckt, a mech domadder zum Nodenken beweegt… (more…)
Ech hu mech emol e bessen iwer Bloggen zu Letzebuerg schlau gemaach. Anscheinend gin et do vill Léit, déi flott an interessant bloggen …
Loosse mer mol kucken: den blogeescht huet mech derzou ugereecht fir emol den Fluency Admin ze testen (daat ass een Theme fir den Admin-Beräich vun WordPress… gefällt mer gaaaaaaaaaaaaaanz gudd! Decke Merci un den blogeescht. Anengems hun ech do och vun Twitter gelies, waat mech nawell och e bessen interesseiert.
Eise Philippe ass jo nach net sou aal… Den 26. November op d’Welt komm, um 18.53 ass en also haut genau 127 Deeg aal…oder 18 Wochen fir ongenau ze sin… oder 4 Méint, fir am ongenauesten ze sin. Kaum ze gleewen, mee e weit elo schon 7 Kilo 750 gr. anbrengt et färdeg an 2 Wochen ongefeier 14.6 Kilo u Fekalien auszestoussen … d’Menschheet ass awer elo erstaunlech!
Ajo, heen ass nach emmer een decke Pacha: