Tintéan oder Thintéan

Den huet mech d’läscht gefrot, wei et dann lo kennt, dat a menger neier Iwerschreft eng Kéier “Tintéan” an eng Kéier “Thintéan” steet. Also eng Kéier mat “h” an eng Kéier ouni “h”.

Ech hu mech emol bei enger bekannten Irin (also vun Ir, dt: Ire, aus Irland :-) ) schlau gemach. Anscheinend ass d’Gälesch Sproch e bessen aanescht wéi eis…

(more…)

Social Web

oder: Wéisou hun ech mei Web 2.0 Accounts, wéi ech ka géréieren :-)

Am Fong ass dese Post als Zousaatz zum blogeescht säin Bäitrag zum Web 2.0‘en geduecht. Mee ech mengen, sou eng Opzielung keint am Fong jidereen vun eis machen. Mee loosse mer mol fir d’éischt bei Null ufänken: Virun e puer Deeg huet en Arbechtskolleg vu mier mech gefrot, wéi ech den kerschen.lu kritt hun. An ob daat eppes kascht. An virwat daat ech daat dann giff machen. An … An … An … An all déi Froen huet e mer just gestallt, well ech him eng Mail gescheckt hun, wou ee Link op meng Säit a menger Signatur stung.

(more…)

Nei Iwerschreft

Meng nei Iwerschreft ass elo:

Níl aon tintéan mar do thintéan féin.

Daat ass een Ireschen Proverb, deen sou vill heescht wei: “There’s no place like home” (oder souguer “There’s no fireplace like your fireplace”). Am Fong hun ech no engem neie Titel gesicht, deen mer aus dem Häerz schwätzt an deen an enger Sproch ass, déi mer immens gefällt. Leider kann ech déi Sproch net, weilt se awer gären léieren. Mee op der aanerer Säit, wou brauch ee schon Irish-Gaelic, wann emol d’Iren selwer net méi all déi Sproch fléissend schwätze kennen. Et ass awer eng Sproch, wéi och ee Land waat mech immens fascineiert, a wou ech am Fong sou seier wéi méiglech zereck weilt goen. Et ass schon vill ze laang hier, zenter daat ech mat engem Kolleg do war an Dublin an Galway, an e puer aaner Deeler, besicht hun…

Iwregens, lo haat ech daat baal vergiess: Wees een wou een hei am Land Gälesch keint leieren?!

tintean 150x150 Nei Iwerschreft

Ech hun daat passend Bild fonnt zum Sproch, hei den Link vum Photograf deen et gemach huet:

http://www.ephotozine.com/u18029

Jamendo

Hallo

Ech hu grad emol vun enger “neier” Internetsäit aus Luxusbuerg heieren. Anscheinend scho laang op, mee ech hun se nach net fonnt gehaat bis elo. Jamendo kennt vun Jam (Jamsession) an endo (Crescendo). Et ass eng Internetplattform fir jonk Musiker, déi nach kee Kontrakt bei enger Plackefirma hun oder welle kreien. Déi kennen hei hier Musik présenteieren an d’Léit kennen se ennert der Creative Commons Lizenz eroflueden. (Gratis a legal)

Hei eng Grupp déi mer gudd gefall huet:

 

Oder och nach:

Ka mer virstellen, daat daat eppes fir den blogeescht keint sin :-) Ech kennen nach aaner Léit déi interesseiert keinte sin!