Jamendo
Hallo
Ech hu grad emol vun enger “neier” Internetsäit aus Luxusbuerg heieren. Anscheinend scho laang op, mee ech hun se nach net fonnt gehaat bis elo. Jamendo kennt vun Jam (Jamsession) an endo (Crescendo). Et ass eng Internetplattform fir jonk Musiker, déi nach kee Kontrakt bei enger Plackefirma hun oder welle kreien. Déi kennen hei hier Musik présenteieren an d’Léit kennen se ennert der Creative Commons Lizenz eroflueden. (Gratis a legal)
Hei eng Grupp déi mer gudd gefall huet:
Oder och nach:
Ka mer virstellen, daat daat eppes fir den blogeescht keint sin
Ech kennen nach aaner Léit déi interesseiert keinte sin!
Ee Stär ginn
Merci fir den Tipp, mä Jamendo hunn ech scho kannt. Hat mer allerdéngs nach ni d’Zäit geholl fir do mol e bëssen ze stöberen. Sinn nach ëmmer op den ausgetrëppelte Pied ënnerwee.
Mä et deet sech jo sou lues eppes bei deene Groussen: http://tinyurl.com/5dpoev
Ech hunn schon relativ oft Musék vun Jamendo fir mäi Podcast benotzt. Et ass eng cool Säit, an wann een e bessen sicht fënnt een och lëtzebuergesch Bands do (z.B. Inborn). Ech géing behaapten, een deen seng Wierker ennert eng CC Lizenz stellt, well guer kee Vertrag mat engem Label. CC an Muséksindustrie sinn zwou komplett entgéigegesaten Philosophien.
Metallica gett et nach?! Wou waren déi dann déi lescht 5 (?) Joër?
Jo ech fannen et och eng flott Säit, zumols well se vun Letzebuerg aus gereiert gett… Mol kucken waat een do nach fir flott Saache fennt.
Metallica gett et nach emmer, obwuel ech schon laang net méi hier “nei” Musik kaafen giff oder gudd fannen … Awer bis den SM Album inclus, konnt een daat nach geneissen. Lo leider net mei…