Nei Iwerschreft
Meng nei Iwerschreft ass elo:
Níl aon tintéan mar do thintéan féin.
Daat ass een Ireschen Proverb, deen sou vill heescht wei: “There’s no place like home” (oder souguer “There’s no fireplace like your fireplace”). Am Fong hun ech no engem neie Titel gesicht, deen mer aus dem Häerz schwätzt an deen an enger Sproch ass, déi mer immens gefällt. Leider kann ech déi Sproch net, weilt se awer gären léieren. Mee op der aanerer Säit, wou brauch ee schon Irish-Gaelic, wann emol d’Iren selwer net méi all déi Sproch fléissend schwätze kennen. Et ass awer eng Sproch, wéi och ee Land waat mech immens fascineiert, a wou ech am Fong sou seier wéi méiglech zereck weilt goen. Et ass schon vill ze laang hier, zenter daat ech mat engem Kolleg do war an Dublin an Galway, an e puer aaner Deeler, besicht hun…
Iwregens, lo haat ech daat baal vergiess: Wees een wou een hei am Land Gälesch keint leieren?!
Ech hun daat passend Bild fonnt zum Sproch, hei den Link vum Photograf deen et gemach huet:

Ee Stär ginn
Firwat huet den 2. “tintéan” eigentlech en “h” nom Ufanksbuschtaf wann et dee selwechte Begrëff bezeechent (“fireplace”)?
Daat ass am Fong eng gudd Fro, a well ech keen Gälesch kann, ass se schweier ze beäntferen… Sou wéi ech et verstaan hun, ass deen zweeten “thintéan” mat der Persoun déclinéiert. Mee daat ass ee “wild guess”!
Ech froen allerdings eng Frendin emol, waat Irin ass, an nach emmer do lieft… Daat kann d’Sproch, a ka mer bestemmt weider hellefen
[...] Blogeescht huet mech d’läscht gefrot, wei et dann lo kennt, dat a menger neier Iwerschreft eng Kéier “Tintéan” an eng [...]