Zelda’s been captured! Please send help!!
Ech hu mech krank gerullt, wéi ech daat gelies hun… Fir op déi Idee ze kommen
- a blend of rambles
Ech hu mech krank gerullt, wéi ech daat gelies hun… Fir op déi Idee ze kommen
Stemmt jo och…
(via: http://digg.com/comedy/I_m_a_pirate_not_a_theif?OTC-fft-4)
Normalerweis liesen ech sou breiwen am Fong net. Mee, wéi den Zoufall et sou well, hun ech dese gelies, an ech wollt dem Kim op desem Wee Merci soen. De Bréif huet mech e besse geréiert.
Zum Nachdenken!
Eines Tages bat eine Lehrerin ihre Schüler, die Namen aller anderen SchülerInnen der Klasse auf ein Blatt Papier zu schreiben und ein wenig Platz neben den Namen zu lassen. Dann sagte sie zu den Schülern, sie sollten überlegen, was das Netteste ist, das sie über jeden ihrer Klassenkameraden sagen können und das sollten sie neben die Namen schreiben. Es dauerte die ganze Stunde, bis jeder fertig war und bevor sie den Klassenraum verließen, gaben sie Ihre Blätter der Lehrerin. Am Wochenende schrieb die Lehrerin jeden Schülernamen auf ein Blatt Papier und daneben die Liste der netten Bemerkungen, die ihre Mitschüler über den Einzelnen aufgeschrieben hatten. Am Montag gab sie jedem Schüler seine oder ihre Liste. Schon nach kurzer Zeit lächelten alle. “Wirklich?”, hörte man flüstern. “Ich wusste gar nicht, dass ich irgend jemandem was bedeute!” und “Ich wusste nicht, dass mich andere so mögen”, waren die Kommentare. Niemand erwähnte danach die Listen wieder. Die Lehrerin wusste nicht, ob die Schüler sie untereinander oder mit ihren Eltern diskutiert hatten, aber das machte nichts aus. Die Übung hatte ihren Zweck erfüllt. Die Schüler waren glücklich mit sich und mit den anderen.
Lo hun ech och WordPress 2.6.1 laafen awer ech hoffen daat et lo rem e bessen dauert bis deen nächsten Update – daat ass e bessen nerveg.
A läschter Zäit fänkt de klenge Philippe un sech iwerall erop ze zeien an e leeft och schon e bessen laanscht d’Couch oder laanscht den Fernsehsmiwwel. Leider kennt e mat senge klenge Patten souguer bis un den Bildschirm vun der Telé.
Lo mecht en daat doten zenter knapps 2 Wochen an den LCD gesäit schon eraus wéi Sau (fir daat op gudd Letzebuergesch ze soen).
Ech hun e bessen rechergéiert, wéi ech de Bildschirm propper soll machen, an déi meescht Rekommendatiounen sin:
Ech wollt awer emol nofroen, wéi där daat esou maacht. Hudd der vläicht nach aaner Rekommendatiounen? Ideen? Proposen?
Merci am viraus schon emol!
Ech hu mer firun enger Zäitchen (no der Paräis-Vakanz) een Flickr-Pro Account kaaf. Ech war op hier Limite vun 200 Fotoen gestouss a well se en Angebot haaten, wou een 2 Joer fir 30 Euro, plus 3 Méint gratis, plus 10 gratis Moo-Printen, kritt huet, hun ech direkt zougegraff. Et waren 10 Moo-MiniCards. All Kaart huet eng aaner Foto drop, den Text hannendrun ass deen selwechten.
Dan Kerschen
Biller:
Säit:
Do war dann nach ee Bilchen vu mär dernierft.
Et huet zwar laang gedauert bis daat d’Kaarten ukomm sin (ongefeier 10 Deeg), mee dofir sin se awer deck léif. Hei emol eng kuerz Impressioun, wéi se ukomm sin. Si sin an enger Enveloppe ukomme, wou se sou léif agepack waren.
Gefreet wéi e klengt Kannt hued de Papa sech
D’Biller vum Bébé Philippe sinn do drop.
Hannen drop war nach ee léiwen Text vun Flickr a vun Moo.
Daat sin déi 10 Kärtecher, déi dra waren.
Hei nach eng Foto, wou ee gesäit, wéi grouss daat d’Kärtecher sin. Ech fannen se ideal fir an de Porte-Monnaie. Lo hun ech och mol eng Foto vu mengem Fiss derbäi.
Well den Sven iwert den Acer Aspire One gebloggt huet, war ech och an den Hifi gefuer fir mer daat Dengen eng Keier unzekucken. Wéi daat dann sou oft geet, ass et net beim kucken bliwwen. Hei meng (eischt) Impressiounen vun dem klengen Groussen.
Gehaiss:
D’ Gehäiss ass super flott. Et gett deen klengen an 4 Faarwen bis elo: Wäiss, Rosa Schwarz, Brong an Blo (kuck hei). Am Hifi haaten se natirlech nemmen den wäissen an den bloen. Well den bloen schon 100erten Fangerofdreck um “Reck” haat, hun ech mer den wäissen matgeholl. Et ass awer net sou eng einfach langweileg Faarw – et ass sou ee liichten Perlmut (heescht daat esou?) / Zockergoss – Effekt um Deckel vum One.
Daat ganzt Netbook ass am Plastik, mee daat steiert mech am Fong net weider vill. Et mecht awer e stabilen Androck. Ech brauch weider kee Schnik-Schnak. Ajo, d’Gehaiss ass am ganzen nemmen 249 x 170 x 29 mm grouss.
Bildschirm:
Den Acer Aspire One huet en 8,9″ CrystalBrite LCD. Daatmecht eng Opléisung vun 1024 & 600 Pixelen… Net besonneg grouss, mee ech mengen et geet duer, fir en Ultra-Portablen. Wann ee firdrun setzt gesäit daat ganzt super kloer ass, besser wéi daat waat ech bis elo sou gesin hun (z.B.: EeePc). De Visiounswenkel ass och grouss, allerdings wann een den Display an d’Luut hällt, reflektéiert daat ganz zimlech vill…Vläicht leen ech mer eng Keier sou eng Folie zou.
Tastatur:
Super. Ech sin ganz zefridden. Well se anscheinend d’Tasten eng Onz méi kleng gemach hun, konnten se eng komplett Tastatur abauen. Daat eenzegt waat ech als e bessen gewohnungsbedürfteg haalen ass den Home an den End Knäppchen.
Mousepad:
E klengt Mousepad ass natirlech och integréiert. Am Ufang war ech e besse skeptech, well ech nach emmer mat normaler Maus geschafft hun, mee mat der Software vun Synaptics ass daat och vergiess. Sou vill Astellungsméiglechkeeten, wéi een nemme gären hätt, an mat dem Virtual Scrolling klappt ..ehh.. d’scrollen och gudd.
Uschlëss:
Den One huet 3 USB-Uschlëss (1 lenks an 2 riets), 2 Card-Reader: een, dee fir Storage-Ausbau duerch eng SD-Card geduecht ass an ee Multireader fir Secure Digital, MultiMediaCard, Reduced- Size Multimedia Card, Memory Stick®, Memory Stick PRO, xD-Picture Card. Ee VGA 15-pin Port, ee RJ-45 Network Port, ee Microfon an een Headphone Port. Ajo, ee Micro an eng Webcam huet en och. En huet och en Wifi-Port (802.11b/g).
Webcam:
Daat firwaat ech se bis elo benotzt hun, ass se gudd duergaang an et war och e kloert Bild. Souguer zimlech hell, wann ee bedenkt wei däischter et am Zemmer war.
Batterie a Power:
Et ass een 3-Zellen-Akku, dee mer just 2,5 Stonn ouni Stroumuschloss schenkt. Et sin der am Fong zimlech weineg. Soubaal den 6-Zellen-Akku erauskennt, mengen ech kaafen ech mer deen, als Accessoire.
Den One benotzt en 1,6 Ghz Pentium Atom Processer, deen en am Fong zimlech schnell mecht.
Software:
De One leeft mat enger Windows XP Home Pre-Installatioun. D’Sprooch ass wielbar, dozou kommen e puer Apps vun Acer an eng Trial-Versioun vun Office 2007 Studenteversioun an irgendeen Antivirus – Vill ze déinstalléieren an nei anzestellen. Lo leeft OpenOffice an Firefox – Thunderbird. Digsby, Skype, etc. leeft och lo drop.
Ee Problem haat ech mat Google…Soubaal ech d’Mailen op mengem Desktop erofgelueden hun, waren se net mei um Laptop erofzelueden. Komesch Saach, d’Léisung hun ech hei fonnt:
http://mail.google.com/support/bin/answer.py?answer=47948&topic=1556
Duerno wollt ech mer ee Program fir ze bloggen erofhuelen, an probeieren elo mol den Windows Live Writer:
http://get.live.com/writer/overview net praktesch fir mech
Nodeems ech mech op dese Plaatzen informeiert hun:
http://thewrongadvices.com/2007/06/04/offline-blog-editing-tools/
http://darcknyt.wordpress.com/
Fir d’Fichier’en ze syncen huelen ech den Synctoy 2.0 vun Microsoft, deen et gratis gett. Allerdings muss een dofir ee Netzwierk laafen hun.
Bookmarks syncen ech mat Xmarks, Kalenner an Adressbuch mat Funambol (mat deme syncen ech och mäin iPod Touch).
Schlofplatz:
Déi Huss aus Plastik/Lieder, déi beim One derbäi war ass näischt wert, ausser vläicht géint kleng Kratzer. Ech hu mech op d’Sich gemach fir eng Posch ze fannen, mee sou einfach war et net. Do hun ech mech erennert, daat ech mer eng speziell Editioun vun Siedler 6 bestallt haat, mat enger Posch aus Lieder derbäi. Do passt de One genau dran. Ech hun se allerdings nach e besse gepolstert.
Fazit:
++
Kleng, Nei, Schein, Praktesch, Gudd Tastatur, Gudd Mousepad,…
–
Kuerz Batterielaafzäit