Meine WP-Plugins

Bei Blog-Parade hab ich heute einen interessanten Eintrag gefunden: “Welche WordPress Plugins benutzt ihr?” Hier hat der Author von http://www.blogszene.com/ nach den Lieblings-Plugins der Leser gefragt. Hier nun die Liste meiner Plugins. Manchmal wechsel ich die aber, so dass man die Liste immer (automatisch) geupdatet hier findet.

(more…)

My Last.fm charts

 My Last.fm charts

via: wordle
and via: http://giraffeincognito.com/2009/general/turn-your-last-fm-into-a-wordle/

Computerspielesucht um Beispiel von WoW

Ech machen grad eng Formatioun mat, iwer Computerspielesucht um Beispiel vun World of Warcraft. Hei ass den Live-Blogging vun der Session.

19:15: Introduction mat e puer Videoen, wéi Schüler op Entzug reageieren, wann een hinnen d’Manetten eweg hellt. Klasseg. Wei mer wessen, huelen Extremspiller och gären Fläschen fir hier natirlech Bedürfnisser ze befriedegen mat bei den PC

19:35: 14,3% vun den Jongen sin extrem gefährdet fir eng Sucht op PC-Spiller ze entwekkelen. 3,8 % vun den Meedecher. Extremspiller spillen an der Moyenne iwer 7 Stonnen den Dag.

19:40: Wei bei allen Suchten: Sozial Problemer, Stress an der Partnerschaft, Schlofmangel, etc… Trotzdem spillt de Süchtegen weider. Och de Verloscht vun der Kontroll ass bekannt.

19:45: Einführung zu World of Warcraft. World of Warcraft, The Burning Crusade, Wrath of the Lich King. Den Ennerscheed zweschen Horde an Allianz gett erklärt. (Ass d’Spill net rassistesch, als Mensch kann een nemme Wäiss sin). Et gin och verschidden Klassen, dei kuerz virgestallt gin. Eis Moderatorin huet ee Mensch, dee bei si heem kennt, an fir si level’ed.

19:50: Waat mecht de Spiller: Aufgaben léisen. Levelen kreien, Aufgaben léisen, Aufgaben léisen, Levelen. Duerno Instanzen bis 5 Spiller spillen. Duerno Raids mat bis zu 40 Mann – fir Belounungen vun deenen decken Monsteren ze kreien. Et kann een och Spiller geint Spiller kämpfen. Et kritt ee Belounungen, sou genannten Drops. Dei Drops, déi Ausrüstung mussen all beieneen passen.

20:00: Mär gesin elo Beispieler vun deene Quests. Mär gesin och wei een vun enger Plaaz op déi aanerer fléien kann. E puer kleng Iwerraschungen kann een och kreien, wéi zum Beispill kleng Pets, déi ee ka mathuelen, oder d’Méiglechkeet fir e Päerd erbäizezauberen.

20:10: De Phänomen vum Multiboxing gett erklärt. Ee Spiller spillt mat e puer PC’en an e puer Account (a bezillt och e puer mol) gläichzäiteg.

54,2% vun den Meedecher teschent 12 an 17 Joer hun den Spillkommeroden Geheimnisser erzielt, déi keen vun hiere realen Kollegen kennen.

20:20: Waat kann een geint Wow-Sucht machen?

Elterenkontrolle aschalten (Dei kann een awer och emgoen.) Suchtberichter liesen helleft och: et kann ee mol kucken op www.rollenspielsucht.de kucken goen, oder op www.onlinesucht.de, dann bronski.net, nach eng Engleschsäit: www.wowdetox.com (Vläicht nach eng Google-Sich mat Wow an Addiction).

Natirlech muss den Papp an d’Mamm och säin eegenen Medienkonsum kritesch kucken. Wahrscheinlech ass de Papp net sou am Stand sengem Kand ze hellefen wanns en selwer 4 Stonnen Fernseh kuckt um Steck.

Koabhängegkeet ass ee Punkt wou ee muss oppassen,  d’Mamm muss dem Bouf jo net d’Iesse un de PC ze brengen.

Loscht um Liewen an un der Bewegung helleft am Prinzip oft bei Suchtproblemer.

Photo-Reklam

Hei mol eng Keier e Video, deen och eng aaner Bedeitung keint hun wei nemmen Reklam ze sin.

Pixar Up

Maja, ech machen dann och mol eng Keier ee Video-Post. Pixar huet en neie Film op der Léih. Anscheinend fir 2009, an en heescht “”. Ech si scho gespaannt a free mech drop. Jop, ech si Pixar-Fan, an ech bekenne mech heimat och zu engem…

Tuteiert Kreativitéit

Ech hun haut den Owend domat verbruecht fir e klengt Bildchen ze machen, waat als Decksäit figureiere kann. Mei genaues kann ech (nach) net verroden. Hei ass emol d’Resultat:

Philippe 2009
Philippe 2009

Ech hoffen et gefällt. Natirlech ass daat ganzt net op menger Mescht gewues, mee ech hu mer hellefen gelooss:

via: http://abduzeedo.com/

via: http://www.hongkiat.com/

Video’en vum Philippe

Hei sin e puer Video’en vum Philippe, op Vimeo. Ech hun se awer Passwuert geschützt, ween d’Video’en well kucken, kann mer awer en Kommentar schreiwen, da mailen ech him d’Passwuert :-)


Ronderem d’Stuff from Dan Kerschen on Vimeo.
- -

Roller from Dan Kerschen on Vimeo.