Plenneren
Där hudd et jo vläicht scho matkritt, ech hun en neit Kleed fir mäi Blog – iirgendwéi hun ech bis elo nach nie daat richteg fonnt gehaat. Daat heiten gefällt mer lo mol
Neit Kleed fir de Blog – nei Plaaz fir ze wunnen! Mär waren e besse méi beschäftegt bis elo, wéi geplangt. Et ass nawell vill ze schaffen am Huas ier een iirgendwéi kann era plenneren. Gottseidank ass et méi schnell gaangen (d’Bauen) wéi geplangt, sou daat mer mam ganzen plenneren nach e besse Spillraum haaten/hun.
Muar ass et nun souwäit – d’Plennerfirma kennt d’Miwwele sichen, an dann gett geplennert – bis e Freiden si mer awer Netzlos am Haus, well den Elektriker de Kabel fir Eltrona vergiess haat (déi sin awer sou léif a maachen de Kabel elo selwer, sou daat mer awer schnell rem verbonne sin – Telefon, Internet, Fernseh). Soubaal mer bessen ageriicht sin, kommen och e puer Fotoen no!
Haalt mer d’Daumen daat alles riicht aus geet! Duerno ass zwar nach e bessen ze schaffen – mee et gett e jo souwiesou nie färdeg

Ee Stär ginn
Ech hunn dat jo schonn d’lescht Joer hannert mech bruecht. Ass eng stresseg Zäit, zumools wann s de d’Appartement ausraums. Do si Saachen zum Virschäi komm déi ech scho komplett verdrängt hat. An nach ëmmer net alles ausgeraumt am Haus. :S
Da fréckel lo mol manner un dengem Blog (de minimalisteschen Design gefält mer, ech mengen ech ginn deemnächst och méi an déi Richtung, hu meng Sidebar scho méi liicht gemaacht) a pass op, dass de näischt plënners wat s de direkt an de Recycling-Zenter féiere kanns.
Ahh super, du mechs mer Mut!
Mee ech freckelen jo scho länger Zäit net méi um Blog – Just eben elo en aaneren Design… Mam Ausraumen am Haus wärt och bei eis nach laang daueren! Mee bon, mär haaten jo och nach agepaacken Keschten am Appart stoen.
Déi Saach mam Recycling-Zenter stemmt, mee sou vill Saachen an déi Richtung haate mer nun och net do stoen. Dofir tiirmt sech alles am Haus.