Does size really matter?

Ech sin derbäi d’Startsäit vu menger Internetpräsenz nei ze entwerfen – déi aal ass zimlech faul, web 0.5 style. (more…)

Moo – Your first order!

Ech hu jo schon emol hei vun MOO geschwat, eng Firma, baséiert an England (an elo och an den USA), déi e besse méi speziell Produite’en machen. Si machen zum Beispill Minicards (link), eng Zort Business Cards am méi klengen, mat den Moossen 28 x 70 mm, am 100er-Paack. Déi fannen ech immens. Ech hu mer der schon e puer mol machen gelooss, den eischten Paack haat ech fir näischt bei mengem Flickr-Pro Account kritt. Passend zu den Minicards kritt een en Mosaic-Frame (link) an deen ee kann eng Rei vun den Karten machen fir se auszestellen. Deen ass och immens flott – an et kann een emmer erem néi Fotoen dra machen.

Si machen awer och normal Businesskaarten (link), Sticker’en (link) oder NoteCards (link – Update: Leider gin et keng Notecards mei bei http://www..com/). Déi läschten sin quadratesch Kaarten, déi ee kann opstellen, souzesoen eng Foto mat Rumm fir ze verschecken (si passen an normal Enveloppen). Mär haaten der Famill e puer souer geschenkt an ech hun der um Büro an um Pult an der Schoul stoen. Si hun nach e puer Produit’en, mee och esou gesäit daat heiten schon genuch no Reklam aus.

moodiscounts 300x119 Moo   Your first order!

Lo awer zum Grond vu mengem Post. Bei menger läschten Minicards-Bestellung waren eng Rei Promocodes derbäi, een mat 20% an 3 mat 15% Reduktioun op der eischter Bestellung. Déi wollt ech elo héi verspillen. Déi eischt 4 Kommentatoren kreien jeweils eng Promotioun!

Vill Spass mat moo.com dann!

Update 1: Déi éischt zwee Gewenner si schon erausgaangen – den Chris an den Thierry hun hier Iwerraschung grad kritt! Begannt iech, soss si keng méi do!

Update 2: Déi zwee läschte Code sin och scho fort. De Marc an de Pit wärten sech driwwer freen!

Ryanair Tickets

via WeltOnline:

Ticketkauf per Kreditkarte darf nicht extra kosten

16. Juni 2009, 13:36 Uhr

Schlappe für Ryanair: Die Bezahlung eines Flugtickets im Internet muss nach einem Gerichtsurteil auch ohne Gebühren für die Kartenzahlung möglich sein. Verbraucherschützer hatten dagegen geklagt, dass bei Europas größtem Billigflieger pro Gast und Strecke vier Euro Kreditkartengebühr verlangt werden.

(weiderliesen)

Ech sin schon zenter laanger Zäit öfters emol Client bei Ryanair. Virun allem fir an England, Schottland oder Irland ze fléien, war daat bis elo emmer praktesch. Mee waat se sech a läschter Zäit heiensdo leeschten – Ech fannen daat ass eng Frechheet. Daat eenzegt waat ech guff fonnt hun war hier Fat-Tax, mee déi hun se jo net duerchgezunn!

Fun mat de Schüler

Muar gett et bestemmt witzeg a mengem Cours. Hei en Beispill vun deem waat mer maachen:

aD hets hci ,nun hci remra dnu,roT nib os gulk sla eiw .rovuz

aD hets hci nun, hci remra roT, dnu nib os gulk sla eiw rovuz.

Wéi schnell sidd dier bei der Entzifferung? Ech hun och eppes ganz Bekanntes benotzt…

Update:

Natirlech hun ech bei menge Schüler keen Text vum Goethe geholl, mee eppes méi Einfaches. Waat genau soen ech ierch lo nach net, daat kennt an nächster Zukunft.

Allerdings muss ech soen, dass meng Schüler de Moien awer ganz gudd eenz gi sin, si haaten keng grouss Schwieregkeeten bei der Entzifferung, an hun duerno och gudd weidergeschafft.

ramblending

Vläicht hudd der gemierkt daat mam neien Ausgesin vun mengem Blog och an engems en neien Titel “entstaan” ass: ramblending. Virdrun haat ech jo am Fong just mäin Numm als Titel vu mengem Blog, mee no e puer Recherchen am Internet hun ech fonnt, daat mer daat lo net méi sou richteg gefällt.

(more…)

WordPress 2.8

wordpress 150x150 Wordpress 2.8Nodeems ech zenter geschter méi wéi een Post iwer WP 2.8 gelies hun an eiser Blogosphäre, wollt ech mäi Päfferkär och lass gin.

Ech hu geschter metten gesin daat 2.8 eraus wier an hun dorops hin ee Backup vun menger Säit gemach an duerno nach meng Post’en exporteiert. Ech hun d’Auto-Update Funktion benotzt an kannps 8 Minuten duerno haat ech WP 2.8 laafen.

Bei mier war déi Saach ouni Zweschefall, ouni Problems etc. Souguer mäi schengt gréisstendeels kompatibel ze sin mat der neier Versoiun. Anscheinend haat ech méi Chance wéi aanerer c.f. sad autumn an alcatraz. Sorry guys… Mee ech sin iwerzeegt daat déi Bugen geschwenn eraus sin.

Patridioten

De mueren um Radio heieren, a Verbindung mam ADR: Patridioten. Waat haalt där der dovun? ;-)