Die Siedler 7
Ech hun grad eppes erausfonnt. Nächst Joer soll en neien Siedler erauskommen. Bestemmt sin der och enner menge Lieser, déi gesiedelt hun
De Video fannen ech op alle Fall deck gudd.
Enjoy:
Ween vun iech huet dann nach gesiedelt?
Hei nach e klengen Iwerbleck iwer d’Spiller:
Die Siedler

Die Siedler II – Veni, Vidi, Vici

Die Siedler III

Die Siedler IV

Die Siedler – Das Erbe der Könige

Die Siedler II – Die nächste Generation

Die Siedler DS

Die Siedler – Aufstieg eines Königreichs
Die Siedler – Aufbruch der Kulturen
Links:
http://siedler.de.ubi.com/siedler-7/


Ee Stär ginn
Hunn ech och loweini bei engem Kolleg an enger Zeitung gesinn. Ech hunn säit Siedler III net méi gespillt, iergendwéi konnten mech déi Versiounen ni iwwerzeegen. Vum Video hier kann ech net vill soen, et geet naicht vum Gameplay gewisen, oder Stéierung (ganz wichteg). Ech hätt gären eng bëssen méi komplex Handels- an Wirtschaftssimulatioun. Mol oofwaarden
Jo, ech fannen och daat de Video net vill vum Gameplay weist. Muss awer soen, daat wanns se sou weider machen wei mat Aufbruch der Kulturen, da mengen ech kommen se rem op de richtegen Wee… Aufstieg eines Königreichs an Das Erbe der Könige haat mech nämlech och net sou iwerzeegt
Wann ech mech net ieren dann bréngen se sou Spezial Siegespunkten.
Erënnert mech iergend wei un Anno, wou een jo och sou Quests huet.
Woubäi Anno mech ni méi laang wéi eng Woch faszinéieren konnt.
Mol kucken op ech mer dat do Spill besuergen. Hänkt wuel haaptsächlech vun der Komplexitéit of. Wat méi wat besser.