Sex talk

Waat een sou am Bett dierf soen, bleift jiderengem op mengen ech, mee anscheinend gin et e puer Saachen, déi kee sollt soen, wei zum Beispill:

  1. Daddy – De Klassiker

    The undressed

    CC License credit:

  2. – Wee seet daat dann?
  3. Taxes – Mhh net ganz bei der Saach?
  4. Baby-girl (Lol)
  5. #Insert ex’s name here# Hehehe kloer…
  6. Mommy

Dest ass e Best-Of vun: 36 Words You Should Never Say In Bed (Link)

Scene vum Dag

Runner

D’läscht an der Klass… Meng Dier steet meeschtens op, well ech fannen dat jidereen Zougang zu mengem Cours kann hun. Dofir kreien ech dann heiensdo witzeg Sachen mat.

Maja, ech setzen relax bei mengem Pult, meng schreiwen eng kleng Aufgab, an beemol heiert ee Lachen um Gang. Ech kucken op an gesin zwee iwert den Gang sprinten.

Ech natirlech hannendrun. Déi zwee, aus dem Accueil, sin schweier ze verstoen, ech probeieren mat Hänn a mat Féis ze kommunizeieren (si schwätzen just Potugiesesch an e ganz klengt bessen Franséisch). Näischt ze machen… Ech begleeden se alt mat bei hier Enseignante. Do gin ech da gewuer, dat déi zwee am Fong virun d’Dier gescheckt gi waren … Witzeg – wat se awer op creativ Ideen kommen fir d’Zäit erem ze kreien.

1 Persoun huet dësem Artikel e Stär ginn!

Youtube Videos

Youtube huet elo 1080p-Videoen… Ech fannen et erstaunlech waat fir eng Qualitéit daat mer an teschenzäit vun do kreien, wann e bedenkt wei déi Videoen virun net all ze laanger Zäit ausgesin hun. Faméis!

Hei sin der e puer, déi een sech eranzeien kann:

http://www.youtube.com/watch?v=4N2YWRJ-ppo

http://www.youtube.com/watch?v=qtBbLSdj-G8

http://www.youtube.com/watch?v=2v-svozQvc4

Ennen riets huet ee jo de Knäppchen fir HD, do kann een elo teschent 720p an 1080p erauswielen. Genéisst et :-)