Youtube Videos

Youtube huet elo 1080p-Videoen… Ech fannen et erstaunlech waat fir eng Qualitéit daat mer an teschenzäit vun do kreien, wann e bedenkt wei déi Videoen virun net all ze laanger Zäit ausgesin hun. Faméis!

Hei sin der e puer, déi een sech eranzeien kann:

http://www.youtube.com/watch?v=4N2YWRJ-ppo

http://www.youtube.com/watch?v=qtBbLSdj-G8

http://www.youtube.com/watch?v=2v-svozQvc4

Ennen riets huet ee jo de Knäppchen fir HD, do kann een elo teschent 720p an 1080p erauswielen. Genéisst et :-)

Computerspielesucht um Beispiel von WoW

Ech machen grad eng Formatioun mat, iwer Computerspielesucht um Beispiel vun World of Warcraft. Hei ass den Live-Blogging vun der Session.

19:15: Introduction mat e puer Videoen, wéi Schüler op Entzug reageieren, wann een hinnen d’Manetten eweg hellt. Klasseg. Wei mer wessen, huelen Extremspiller och gären Fläschen fir hier natirlech Bedürfnisser ze befriedegen mat bei den PC

19:35: 14,3% vun den Jongen sin extrem gefährdet fir eng Sucht op PC-Spiller ze entwekkelen. 3,8 % vun den Meedecher. Extremspiller spillen an der Moyenne iwer 7 Stonnen den Dag.

19:40: Wei bei allen Suchten: Sozial Problemer, Stress an der Partnerschaft, Schlofmangel, etc… Trotzdem spillt de Süchtegen weider. Och de Verloscht vun der Kontroll ass bekannt.

19:45: Einführung zu World of Warcraft. World of Warcraft, The Burning Crusade, Wrath of the Lich King. Den Ennerscheed zweschen Horde an Allianz gett erklärt. (Ass d’Spill net rassistesch, als Mensch kann een nemme Wäiss sin). Et gin och verschidden Klassen, dei kuerz virgestallt gin. Eis Moderatorin huet ee Mensch, dee bei si heem kennt, an fir si level’ed.

19:50: Waat mecht de Spiller: Aufgaben léisen. Levelen kreien, Aufgaben léisen, Aufgaben léisen, Levelen. Duerno Instanzen bis 5 Spiller spillen. Duerno Raids mat bis zu 40 Mann – fir Belounungen vun deenen decken Monsteren ze kreien. Et kann een och Spiller geint Spiller kämpfen. Et kritt ee Belounungen, sou genannten Drops. Dei Drops, déi Ausrüstung mussen all beieneen passen.

20:00: Mär gesin elo Beispieler vun deene Quests. Mär gesin och wei een vun enger Plaaz op déi aanerer fléien kann. E puer kleng Iwerraschungen kann een och kreien, wéi zum Beispill kleng Pets, déi ee ka mathuelen, oder d’Méiglechkeet fir e Päerd erbäizezauberen.

20:10: De Phänomen vum Multiboxing gett erklärt. Ee Spiller spillt mat e puer PC’en an e puer Account (a bezillt och e puer mol) gläichzäiteg.

54,2% vun den Meedecher teschent 12 an 17 Joer hun den Spillkommeroden Geheimnisser erzielt, déi keen vun hiere realen Kollegen kennen.

20:20: Waat kann een geint Wow-Sucht machen?

Elterenkontrolle aschalten (Dei kann een awer och emgoen.) Suchtberichter liesen helleft och: et kann ee mol kucken op www.rollenspielsucht.de kucken goen, oder op www.onlinesucht.de, dann bronski.net, nach eng Engleschsäit: www.wowdetox.com (Vläicht nach eng Google-Sich mat Wow an Addiction).

Natirlech muss den Papp an d’Mamm och säin eegenen Medienkonsum kritesch kucken. Wahrscheinlech ass de Papp net sou am Stand sengem Kand ze hellefen wanns en selwer 4 Stonnen Fernseh kuckt um Steck.

Koabhängegkeet ass ee Punkt wou ee muss oppassen,  d’Mamm muss dem Bouf jo net d’Iesse un de PC ze brengen.

um Liewen an un der Bewegung helleft am Prinzip oft bei Suchtproblemer.

Acer Aspire One A150

Well den Sven iwert den Acer Aspire One gebloggt huet, war ech och an den Hifi gefuer fir mer daat Dengen eng Keier unzekucken. Wéi daat dann sou oft geet, ass et net beim kucken bliwwen. Hei meng (eischt) Impressiounen vun dem klengen Groussen.

Gehaiss:

D’ Gehäiss ass super flott. Et gett deen klengen an 4 Faarwen bis elo: Wäiss, Rosa Schwarz, Brong an Blo (kuck hei). Am Hifi haaten se natirlech nemmen den wäissen an den bloen. Well den bloen schon 100erten Fangerofdreck um “Reck” haat, hun ech mer den wäissen matgeholl. Et ass awer net sou eng einfach langweileg Faarw – et ass sou ee liichten Perlmut (heescht daat esou?) / Zockergoss – Effekt um Deckel vum One.

Daat ganzt Netbook ass am Plastik, mee daat steiert mech am Fong net weider vill. Et mecht awer e stabilen Androck. Ech brauch weider kee Schnik-Schnak. Ajo, d’Gehaiss ass am ganzen nemmen 249 x 170 x 29 mm grouss.

aaone1 thumb Acer Aspire One A150 aaone2 thumb Acer Aspire One A150 aaone3 thumb Acer Aspire One A150

Bildschirm:

Den Acer Aspire One huet en 8,9″ CrystalBrite LCD. Daatmecht eng Opléisung vun 1024 & 600 Pixelen… Net besonneg grouss, mee ech mengen et geet duer, fir en Ultra-Portablen. Wann ee firdrun setzt gesäit daat ganzt super kloer ass, besser wéi daat waat ech bis elo sou gesin hun (z.B.: EeePc). De Visiounswenkel ass och grouss, allerdings wann een den Display an d’Luut hällt, reflektéiert daat ganz zimlech vill…Vläicht leen ech mer eng Keier sou eng Folie zou.

Tastatur:

Super. Ech sin ganz zefridden. Well se anscheinend d’Tasten eng Onz méi kleng gemach hun, konnten se eng komplett Tastatur abauen. Daat eenzegt waat ech als e bessen gewohnungsbedürfteg haalen ass den Home an den End Knäppchen.

Mousepad:

E klengt Mousepad ass natirlech och integréiert. Am Ufang war ech e besse skeptech, well ech nach emmer mat normaler Maus geschafft hun, mee mat der Software vun Synaptics ass daat och vergiess. Sou vill Astellungsméiglechkeeten, wéi een nemme gären hätt, an mat dem Virtual Scrolling klappt ..ehh.. d’scrollen och gudd.

Uschlëss:

Den One huet 3 USB-Uschlëss (1 lenks an 2 riets), 2 Card-Reader: een, dee fir Storage-Ausbau duerch eng SD-Card geduecht ass an ee Multireader fir Secure Digital, MultiMediaCard, Reduced- Size Multimedia Card, Memory Stick®, Memory Stick PRO, xD-Picture Card. Ee VGA 15-pin Port, ee RJ-45 Network Port, ee Microfon an een Headphone Port. Ajo, ee Micro an eng Webcam huet en och. En huet och en Wifi-Port (802.11b/g).

Webcam:

Daat firwaat ech se bis elo benotzt hun, ass se gudd duergaang an et war och e kloert Bild. Souguer zimlech hell, wann ee bedenkt wei däischter et am Zemmer war.

Batterie a Power:

Et ass een 3-Zellen-Akku, dee mer just 2,5 Stonn ouni Stroumuschloss schenkt. Et sin der am Fong zimlech weineg. Soubaal den 6-Zellen-Akku erauskennt, mengen ech kaafen ech mer deen, als Accessoire.

Den One benotzt en 1,6 Ghz Pentium Atom Processer, deen en am Fong zimlech schnell mecht.

Software:

De One leeft mat enger Windows XP Home Pre-Installatioun. D’Sprooch ass wielbar, dozou kommen e puer Apps vun Acer an eng Trial-Versioun vun Office 2007 Studenteversioun an irgendeen Antivirus – Vill ze déinstalléieren an nei anzestellen. Lo leeft OpenOffice an Firefox – Thunderbird. Digsby, Skype, etc. leeft och lo drop.

Ee Problem haat ech mat Google…Soubaal ech d’Mailen op mengem Desktop erofgelueden hun, waren se net mei um Laptop erofzelueden. Komesch Saach, d’Léisung hun ech hei fonnt:

http://mail.google.com/support/bin/answer.py?answer=47948&topic=1556

Duerno wollt ech mer ee Program fir ze bloggen erofhuelen, an probeieren elo mol den Windows Live Writer:

http://get.live.com/writer/overview net praktesch fir mech

Nodeems ech mech op dese Plaatzen informeiert hun:

http://thewrongadvices.com/2007/06/04/offline-blog-editing-tools/

http://darcknyt.wordpress.com/

Fir d’Fichier’en ze syncen huelen ech den Synctoy 2.0 vun Microsoft, deen et gratis gett. Allerdings muss een dofir ee Netzwierk laafen hun.

Bookmarks syncen ech mat Xmarks, Kalenner an Adressbuch mat Funambol (mat deme syncen ech och mäin iPod Touch).

Schlofplatz:

Déi Huss aus Plastik/Lieder, déi beim One derbäi war ass näischt wert, ausser vläicht géint kleng Kratzer. Ech hu mech op d’Sich gemach fir eng Posch ze fannen, mee sou einfach war et net. Do hun ech mech erennert, daat ech mer eng speziell Editioun vun Siedler 6 bestallt haat, mat enger Posch aus Lieder derbäi. Do passt de One genau dran. Ech hun se allerdings nach e besse gepolstert.

Fazit:

++

Kleng, Nei, Schein, Praktesch, Gudd Tastatur, Gudd Mousepad,…

Kuerz Batterielaafzäit

Ubuntu, Vista an ech

Et ass jo schon e bessen hier, zenter ech fir d’läscht geschriwwen hun, mee et soll ee jo och net egalwaat online setzen (net daat do egal waat geschriwwe gett…)

Ech hun awer op alle Fall eppes Interessantes fonnt iwer waat ee schreiwe kann. An zwar meng neiesten Erfahrung mat Betriiiiibssystemer. Do wier dann mol un eischter Stell de Vista, op deem ech zenter e puer Wochen schaffen.

Bon…déier ass déi Saach jo schon. Mee et bezillt ee jo schliesslech fir den Numm Mickysoft schon mindestens 200 Euro (déi 39 Euro méi gin dann fir den System drop; jo, ech si Systembuilder, mee et ka sin daat ech daat aanescht interpreteieren wei MS). Duerno huet een dann d’Freed, eppes ganz neies ze hun. Heiheem ukomm, nom menger laanger a beschweierlecher Rees vun Tréier op Sandweiler, hun ech mol fir d’éischt meng Back-up’en färdeg gemach.

Erstaunlech war awer duerno, wei schnell et gaang ass fir den C: ze formateieren, an duerno den Vista ze installéieren. No 1 Stonn 30 war alles un an aus. Fir duerno, all déi Programmer, déi ech emmer brauch, an onbedingt muss hun, an net drop verzichte kann, erem ze installeieren an ze konfigureieren, daat huet dunn awer bessi méi laang gedauert. An dann muss een sech jo och nach mam Vista bekannt machen, am Beschten in-depth. Op http://tweakvista.com/ fennt een awer eng ganz Rei Erklärungen an Tips.

Sou wäit, sou gudd… Vista leeft, an huet nach keng gréisser Problemer gemach. Leider ass MS nach emmer net dervun ofkomm fir den Léit ze erlaaben, e besse méi Eye-Candy kennen ze hun. Sou ass den Look vum Vista Explorer am Maximized net gudd! Gefällt mer guer net! Firwat Aero, wann ech dann am Full-Screen sou en topesch däischter Rum hun? Mee och do gett et Ofhellef. Mat VistaGlazz ass dee Problem awer seier behuewen. Domat kann een iwregens och eegen Themes benotzen (ouni Windowblinds) oder der vun iirgendwou eroflueden.

Dun hun ech geduecht, ech keint jo net sou een mainstream sin oder bleiwen… Op Ubuntu.com fennt ee jo och ee Betriibssystem, waat et fir näischt gett. An och nach open-source. Ausserdeem wollt ech schon emmer emol Linux an Windows dual-booten. Geduecht, gemach…

Fir d’eischt awer mol nach ee Problem. Waat soll ech dann elo huelen: Ubuntu, Kubuntu, Edubuntu, Xubuntu, Gobuntu?!?!? Do soll nach een eenz gin – Naja, Ubuntu dann. Iso erofgezun, Partition geännert a lass.

Am Ufank leeft daat jo scho super. Ouni vill Astellungen mussen ze machen, an ouni vill installeieren ze mussen, huet een direkt Firefox an OpenOffice schon drop, enner villen aaneren interessante Programmer… Awer e puer Maakel huet en awer och – oder soen mer e puer, déi mech vill genervt hun, an derzou beweegt hun fir den Ubuntu erem erof ze geheien – fir daat emol firweg ze huelen.

Mee loosse mer vu fir ufänken: Wéi gesoot, nom eischten Install leeft alles. Awer no e puer Astellungen an sou weider mierken ech d’eischt emol, daat meng Maus zwar geet awer net sou wei ech et well. Ech hun nämlech beim Daum och nach 2 Knäppecher, an och nach ee Zoom – et ass eng Logitech MX600 aus dem MX3200-Set. “Och, net sou schlemm”, denken ech. Bis ech op de Forumer vun Ubuntu an bei Google liesen, daat et KENG einfach Léisung get. Mat laaaaaaaaaaaaaaaaangem Gekniwwels ass et dun awer gaang.

Du well ech dann eppes drucken – et muss ee jo och mol eppes fir d’Schoul prépareieren als Schoulmeeschter. Mee den Drucker ass och net opgelescht. Och dofir sichen ech op der weltwäiter Informatiounswell no enger Léisung – déi ech awer och net sou séier fannen. Anscheinend sin en Netzwierkdrucker an Ubuntu net frou mateneen. Daat et sou eppes an eisem Zäitalter nach gett… Nujee, ech keint nach sou weiderfueren, mee loosse mer daat leiwer sin. Lange Rede, kurzer Sinn – Ubuntu ass net méi op mengem PC.

Ech loosse mech lo gären vun eisen Linux-Liebhaber iwerzeegen – mat gudden Argumenter…

Sou wäit zu menger Erfahrung mat deenen zwee Systemer – mol kucken, wéi et deemnächst mat der nächster Uschaafung leeft, en Ipod Touch (ajo, soll ech deen jailbreaken oder net?). Zum Schluss nach e puer Verweiser: