Cookies aus dem Waffeleisen

Haut hat ech mol Loscht fir eppes mam klenge Philippe ze maachen. Mär hunn eis do decidéiert fir Kichelcher ze maachen, well hien se sou gär huet. Mam Waffeleisen geet dat souguer ganz schnell! An d’Kichelcher sinn deck lecker.Hei ass mol d’Rezept:

  • 120 g Botter
  • 100 g brongen Zocker
  • 100 g Miel
  • 100 g Haferflocken
  • 150 g Schokostreisel
  • 2 grouss Eeër
  • 1/2 Pack Vanillzocker
  • 1 gestachenen TL Bakpolver
  • eng Prise Salz

Einfach alles mëschen, an dann ab dermat an den Waffelchers-baacker. Ech hunn mam Kaffisläffel Portiounen gemaach, an d’Kichelcher hunn sou grad déi richteg Gréisst kritt. Gudden Appetit!PS: E puer Tipps ginn et nach op der Säit, wou ech d’Rezept fonnt hunn.

Cookies aus dem Waffeleisen (Belgusto Blog). Vielen Dank an den Herausgeber dieses Blogs für das leckere Rezept!

Back in Action

Ech sinn erëm do! Anscheinend sinn ech sou eppes wéi e Vakanzen-Blogger, ëmmer an de Vakanzenzäiten fannen ech den Tour fir mäi Blog erëm opliewen ze loossen. Dës Kéier alt erëm mat engem neie Kleed an e puer aner Neierungen.

Enner anerem ginn ech heiansdo eng (immens) kuerz Meenung zu verschiddenen Filmer of. Fir méi detailléiert Kommentare giff ech jiddereen op http://blog.pianocktail.lu/ verweisen. Ech well just eng ganz kuerz Stellungnahm zu de Filmer huelen. Ech hunn et elo sou agestallt, dat e Klick op de Film direkt op Amazon geet, iwwert mäin Account beim Amazon-Partner-Programm (Vläicht kréien ech jo och mol eng Kéier e Bon vun hinnen dann, fir meng sëllech Akeef do ze finanzéieren). (more…)

Moo – Your first order!

Ech hu jo schon emol hei vun MOO geschwat, eng Firma, baséiert an (an elo och an den USA), déi e besse méi speziell Produite’en machen. Si machen zum Beispill Minicards (link), eng Zort Business Cards am méi klengen, mat den Moossen 28 x 70 mm, am 100er-Paack. Déi fannen ech immens. Ech hu mer der schon e puer mol machen gelooss, den eischten Paack haat ech fir näischt bei mengem Flickr-Pro Account kritt. Passend zu den Minicards kritt een en Mosaic-Frame (link) an deen ee kann eng Rei vun den Karten machen fir se auszestellen. Deen ass och immens flott – an et kann een emmer erem néi Fotoen dra machen.

Si machen awer och normal Businesskaarten (link), Sticker’en (link) oder NoteCards (link – Update: Leider gin et keng Notecards mei bei http://www.moo.com/). Déi läschten sin quadratesch Kaarten, déi ee kann opstellen, souzesoen eng Foto mat Rumm fir ze verschecken (si passen an normal Enveloppen). Mär haaten der Famill e puer souer geschenkt an ech hun der um Büro an um Pult an der Schoul stoen. Si hun nach e puer Produit’en, mee och esou gesäit daat heiten schon genuch no aus.

moodiscounts 300x119 Moo   Your first order!

Lo awer zum Grond vu mengem Post. Bei menger läschten Minicards-Bestellung waren eng Rei Promocodes derbäi, een mat 20% an 3 mat 15% Reduktioun op der eischter Bestellung. Déi wollt ech elo héi verspillen. Déi eischt 4 Kommentatoren kreien jeweils eng Promotioun!

Vill Spass mat moo.com dann!

Update 1: Déi éischt zwee Gewenner si schon erausgaangen – den Chris an den Thierry hun hier Iwerraschung grad kritt! Begannt iech, soss si keng méi do!

Update 2: Déi zwee läschte Code sin och scho fort. De Marc an de Pit wärten sech driwwer freen!

ramblending

Vläicht hudd der gemierkt daat mam neien Ausgesin vun mengem Blog och an engems en neien Titel “entstaan” ass: ramblending. Virdrun haat ech jo am Fong just mäin Numm als Titel vu mengem Blog, mee no e puer Recherchen am Internet hun ech fonnt, daat mer daat lo net méi sou richteg gefällt.

(more…)

WordPress 2.8

wordpress 150x150 Wordpress 2.8Nodeems ech zenter geschter méi wéi een Post iwer WP 2.8 gelies hun an eiser Blogosphäre, wollt ech mäi Päfferkär och lass gin.

Ech hu geschter metten gesin daat 2.8 eraus wier an hun dorops hin ee Backup vun menger Säit gemach an duerno nach meng Post’en exporteiert. Ech hun d’Auto-Update Funktion benotzt an kannps 8 Minuten duerno haat ech WP 2.8 laafen.

Bei mier war déi Saach ouni Zweschefall, ouni Problems etc. Souguer mäi Theme schengt gréisstendeels kompatibel ze sin mat der neier Versoiun. Anscheinend haat ech méi Chance wéi aanerer c.f. sad autumn an alcatraz. Sorry guys… Mee ech sin iwerzeegt daat déi Bugen geschwenn eraus sin.

Neien layout

Ech kann et alt erem net loossen…

Ech probeieren en neien theme aus, fonnt op http://www.smashingmagazine.com/

Soubaal ech färdeg sin, gett desen post “un-stickied”… :)

EDIT: Sou, Astellungen gemach, Faarwen ajusteiert (lo dierft et net mei rosa sin) an neies derbäigesaat… Mol kucken op alles sou bleift :)

the disposable memory project

@: http://disposablememoryproject.org/

Ech liese den Blog vun deser Säit zenter enger Zäitchen, nodeem ech iirgendwann driwwer ge-”stumbled” sin. Fannen et ass eng cool Idee, an zenter engem halwen Joer oder sou sin ech um Iwerleen op een net och mol eng Kamera fir Luxusbuerg sollt machen. Viru kuerzem hun se en Opruff gemach, daat Léit gesicht gin, déi fir déi jeweileg Kontinenter / Deelkontinenter Respresentär (ass daat e Wuert?) si keinten.

Ech hu mech spontan fir eis Geigend gemellt, an den Reponsablen (Matthew) huet och direkt per Mail geäntfert. Mär hun e bessen hin- an hiergeschriwwen, fir ze kucken, wei een daat am Beschten organiseiert. Mär sin eis eenz gin, daat ech, falls iirgendwou an engem vun eisen Nopeschlänner eng Kamera färdeg gett, als Intermédiaire fungeieren, sou daat d’Leit d’Kamera bei mech schecken kennen, an ech se da weiderschecken an Englang un déi Responsabel. Ech freen mech schon iirgendwann en Endproduit ze gesin, un deem ech mech och konnt bedeelegen, och wann et nemmen d’Weiderleeden vun enger voller Kamera ass.

An enger vun senge läschte Mailen, huet de gudde Mann Matthew mer do ugebueden fir och sou eng Kamera hei ze machen. Op ech net Loscht derzou hätt… Maja, secher hun ech :) Demnächst wärt also lo iirgendwann eng Kamera hei zu Letzebuerg ausgesaat gin! Sou wéi ech e verstaan hun, well e mer och nach eng Kamera heihi schecken. Ech haalen ierch op alle Fall um Laafenden, wei déi Saach weidergeet!

Vläicht sidd der jo och un enger Kamera fir d’Letzebuerger Blogosphäre interesseiert?! Schreift mer, waat der dervun haalt!

Ennen: E puer Beispillertdmp01 the disposable memory projecttdmp02 the disposable memory projecttdmp03 the disposable memory project

 

 

 

tdmp04 the disposable memory projecttdmp05 the disposable memory projecttdmp06 the disposable memory project

 

 

 

Above: A few examples

@: http://disposablememoryproject.org/

I’ve been reading this blog for some time now, after stumbling upon it. I think it’s a cool idea and I’ve been thinking to create a camera for Luxembourg as well. A few days weeks ago, they’ve been ”asking for volunteers to act as local representatives of the project”.

Spontanously, I’ve written a mail to the project leader (Matthew), who answered very quickly. We’ve been in contact and tried to figure out a way to make this happen. We’ve agreed that I’ll act as an intermediary for our neighbors (countries) and, as such, will send those cameras to once they’re finished. I’m already looking forward to being part of this project, if only through sending a camera back to it’s owner.

In one of his last mails, Matthew asked if I’d be interested in creating a camera for Luxembourg. I told him, sure, why not! Op ech net Loscht derzou hätt… Maja, secher hun ech :) In the near future, I’ll drop a camera somewhere here in Luxembourg. If I understood him right, he’ll even send me a camera. I’ll be sure to tell you guys gals and guys how it’s working out.

Maybe we can create a camera for the “Luxembourg blogosphere” as well?! Please do comment!