Ech hu jo schon emol hei vun MOO geschwat, eng Firma, baséiert an England (an elo och an den USA), déi e besse méi speziell Produite’en machen. Si machen zum Beispill Minicards (link), eng Zort Business Cards am méi klengen, mat den Moossen 28 x 70 mm, am 100er-Paack. Déi fannen ech immens. Ech hu mer der schon e puer mol machen gelooss, den eischten Paack haat ech fir näischt bei mengem Flickr-Pro Account kritt. Passend zu den Minicards kritt een en Mosaic-Frame (link) an deen ee kann eng Rei vun den Karten machen fir se auszestellen. Deen ass och immens flott – an et kann een emmer erem néi Fotoen dra machen.
Si machen awer och normal Businesskaarten (link), Sticker’en (link) oder NoteCards (link – Update: Leider gin et keng Notecards mei bei http://www.moo.com/). Déi läschten sin quadratesch Kaarten, déi ee kann opstellen, souzesoen eng Foto mat Rumm fir ze verschecken (si passen an normal Enveloppen). Mär haaten der Famill e puer souer geschenkt an ech hun der um Büro an um Pult an der Schoul stoen. Si hun nach e puer Produit’en, mee och esou gesäit daat heiten schon genuch no Reklam aus.

Lo awer zum Grond vu mengem Post. Bei menger läschten Minicards-Bestellung waren eng Rei Promocodes derbäi, een mat 20% an 3 mat 15% Reduktioun op der eischter Bestellung. Déi wollt ech elo héi verspillen. Déi eischt 4 Kommentatoren kreien jeweils eng Promotioun!
Vill Spass mat moo.com dann!
Update 1: Déi éischt zwee Gewenner si schon erausgaangen – den Chris an den Thierry hun hier Iwerraschung grad kritt! Begannt iech, soss si keng méi do!
Update 2: Déi zwee läschte Code sin och scho fort. De Marc an de Pit wärten sech driwwer freen!