Scene vum Dag

Runner

D’läscht an der Klass… Meng Dier steet meeschtens op, well ech fannen dat jidereen Zougang zu mengem kann hun. Dofir kreien ech dann heiensdo witzeg Sachen mat.

Maja, ech setzen relax bei mengem Pult, meng Schüler schreiwen eng kleng Aufgab, an beemol heiert ee Lachen um Gang. Ech kucken op an gesin zwee Schüler iwert den Gang sprinten.

Ech natirlech hannendrun. Déi zwee, aus dem Accueil, sin schweier ze verstoen, ech probeieren mat Hänn a mat Féis ze kommunizeieren (si schwätzen just Potugiesesch an e ganz klengt bessen Franséisch). Näischt ze machen… Ech begleeden se alt mat bei hier Enseignante. Do gin ech da gewuer, dat déi zwee am Fong virun d’Dier gescheckt gi waren … Witzeg – wat se awer op creativ Ideen kommen fir d’Zäit erem ze kreien.

1 Persoun huet dësem Artikel e Stär ginn!

Sproch vum Dag

Haut de Moien live an der . Et huet grad geschellt, ech gin d’Schüler sichen fir se aus dem Préau an de Klassesall ze begleeden. Ennerwee fir déi zwee Stäck erop, fällt mer op, daat ee Schüler kee Schoulsaack un huet.

Ech: “Marc, wou ass däi Schoulsaack dann? Hues de deen am Préau stoen gelooss?”

Marc: “Nee, nee…”

Ech: “Ma wou ass en dann?” (more…)

3 Persounen hunn dësem Artikel e Stär ginn!

Rentrée

Ahh. Haut war also Rentrée. D’Schüler hun sech baal net méi vun Freed konnten haalen…

Schüler: “Wéini geet de dann un?”… (more…)

1 Persoun huet dësem Artikel e Stär ginn!

X-Mouse Feature

Während dem Schreiwe vun den Zensuren Enn des Trimesters, hun ech emmer missten teschend verschiddenen Fichier’en (Excel, Word, etc) hin- an hiersprangen. Irrgendwann ass daat dauernd Geklicks mer immens op de Geescht gaangen, zumols en meeschtens zwee Fichier’en nierwenteneen op haat. Enner Windows XP konnt ee mam Tweak Ui eng Astellung maachen fir daat emmer dei Fenster aktiv ass iwer déier d’Maus grad ass. Awer wou fannen ech daat enner Vista?

(more…)

1 Persoun huet dësem Artikel e Stär ginn!

Tinkering School

E Video iwer eng , déi e bessen aanescht schafft. Daat wier bestemmt flott, op alle Fall emol sou als Stage. Mee mär si jo zu Letzebuerg… (more…)

Fun mat de Schüler

Muar gett et bestemmt witzeg a mengem . Hei en Beispill vun deem waat mer maachen:

aD hets hci ,nun hci remra dnu,roT nib os gulk sla eiw .rovuz

aD hets hci nun, hci remra roT, dnu nib os gulk sla eiw rovuz.

Wéi schnell sidd dier bei der Entzifferung? Ech hun och eppes ganz Bekanntes benotzt…

Update:

Natirlech hun ech bei menge Schüler keen Text vum Goethe geholl, mee eppes méi Einfaches. Waat genau soen ech ierch lo nach net, daat kennt an nächster Zukunft.

Allerdings muss ech soen, dass meng Schüler de Moien awer ganz gudd eenz gi sin, si haaten keng grouss Schwieregkeeten bei der Entzifferung, an hun duerno och gudd weidergeschafft.

1969

1969 2009 1969

Den Ennerscheed – wéi wouer et ass!

As seen on: http://www.ouest-france.fr/

Comic by: Emmanuel Chaunu