oder: Wéisou hun ech mei Web 2.0 Accounts, wéi ech ka géréieren :-)

Am Fong ass dese Post als Zousaatz zum blogeescht säin Bäitrag zum Web 2.0‘en geduecht. Mee ech mengen, sou eng Opzielung keint am Fong jidereen vun eis machen. Mee loosse mer mol fir d’éischt bei Null ufänken: Virun e puer Deeg huet en Arbechtskolleg vu mier mech gefrot, wéi ech den kerschen.lu kritt hun. An ob daat eppes kascht. An virwat daat ech daat dann giff machen. An … An … An … An all déi Froen huet e mer just gestallt, well ech him eng Mail gescheckt hun, wou ee Link op meng Säit a menger Signatur stung.

(more…)