Scene vum Dag

Runner

D’läscht an der Klass… Meng Dier steet meeschtens op, well ech fannen dat jidereen Zougang zu mengem Cours kann hun. Dofir kreien ech dann heiensdo witzeg Sachen mat.

Maja, ech setzen relax bei mengem Pult, meng schreiwen eng kleng Aufgab, an beemol heiert ee Lachen um Gang. Ech kucken op an gesin zwee iwert den Gang sprinten.

Ech natirlech hannendrun. Déi zwee, aus dem Accueil, sin schweier ze verstoen, ech probeieren mat Hänn a mat Féis ze kommunizeieren (si schwätzen just Potugiesesch an e ganz klengt bessen Franséisch). Näischt ze machen… Ech begleeden se alt mat bei hier Enseignante. Do gin ech da gewuer, dat déi zwee am Fong virun d’Dier gescheckt gi waren … Witzeg – wat se awer op creativ Ideen kommen fir d’Zäit erem ze kreien.

1 Persoun huet dësem Artikel e Stär ginn!

Does size really matter?

Ech sin derbäi d’Startsäit vu menger Internetpräsenz nei ze entwerfen – déi aal ass zimlech faul, web 0.5 style. (more…)

Adventskalender, die 1.

Op Twitter haat een dei wonnerbar Idee, fir een Adventskalenner, online, ze machen. Den Link zum Kalenner fannt der hei.

Hei ass elo meng eischt Dierchen am Kalenner, vum 1. Dezember:

1. Türchen für dankerschen

Theodor Fontane (1819-1898)

Noch ist Herbst nicht ganz entflohn,
Aber als Knecht Ruprecht schon
Kommt der Winter hergeschritten,
Und alsbald aus Schnees Mitten
Klingt des Schlittenglöckleins Ton.

Und was jüngst noch, fern und nah,
Bunt auf uns herniedersah,
Weiß sind Türme, Dächer, Zweige,
Und das Jahr geht auf die Neige,
Und das schönste Fest ist da.

Tag du der Geburt des Herrn,
Heute bist du uns noch fern,
Aber Tannen, Engel, Fahnen
Lassen uns den Tag schon ahnen,
Und wir sehen schon den Stern.

Quelle/Autor: Goethezeitportal

E puer Froen

Ech hu alt erem eppes um Ausgesin vu mengem geännert. An zwar leeft lo alles am Schwarz-Wäissen. Waat mengt där?

Mäi am neien Kleed (b/w) - top oder flop?

  • Top (100%, 6 Votes)
  • Flop (0%, 0 Votes)

Total Voters: 6

Loading ... Loading ...

Leider hun ech net d’Zäit an d’Kenntnisser fir den Layout ganz selwer ze machen… Wann der awer eppes net gudd fannt (oder ganz gudd), schreift mer roueg ee Kommentar… Ech sin emmer op fir Ideen a Kritik.

Eng zweet Fro hun ech awer och nach:

Waat fir eng Sproch op mengem ?

  • Lëtzebuergesch (100%, 7 Votes)
  • English (0%, 0 Votes)
  • Deutsch (0%, 0 Votes)

Total Voters: 7

Loading ... Loading ...

Franséisch fällt leider aus – ech schreiwen déi net gären. Merci am viraus fir äer Meenungen!

Mirrors

Ech hun dem Grommel säi Video-post mega fonnt…do muss een dach emmer mol grinsen, mee wei, wann ech glifft, kennt een op sou Ideen? Do sin ech nemmen nach “puzzled” ;-)