Scene vum Dag

D’läscht an der Klass… Meng Dier steet meeschtens op, well ech fannen dat jidereen Zougang zu mengem Cours kann hun. Dofir kreien ech dann heiensdo witzeg Sachen mat.
Maja, ech setzen relax bei mengem Pult, meng Schüler schreiwen eng kleng Aufgab, an beemol heiert ee Lachen um Gang. Ech kucken op an gesin zwee Schüler iwert den Gang sprinten.
Ech natirlech hannendrun. Déi zwee, aus dem Accueil, sin schweier ze verstoen, ech probeieren mat Hänn a mat Féis ze kommunizeieren (si schwätzen just Potugiesesch an e ganz klengt bessen Franséisch). Näischt ze machen… Ech begleeden se alt mat bei hier Enseignante. Do gin ech da gewuer, dat déi zwee am Fong virun d’Dier gescheckt gi waren … Witzeg – wat se awer op creativ Ideen kommen fir d’Zäit erem ze kreien.
