Youtube Videos

Youtube huet elo 1080p-Videoen… Ech fannen et erstaunlech waat fir eng Qualitéit daat mer an teschenzäit vun do kreien, wann e bedenkt wei déi Videoen virun net all ze laanger Zäit ausgesin hun. Faméis!

Hei sin der e puer, déi een sech eranzeien kann:

http://www.youtube.com/watch?v=4N2YWRJ-ppo

http://www.youtube.com/watch?v=qtBbLSdj-G8

http://www.youtube.com/watch?v=2v-svozQvc4

Ennen riets huet ee jo de Knäppchen fir HD, do kann een elo teschent 720p an 1080p erauswielen. Genéisst et :-)

Die Siedler 7

Ech hun grad eppes erausfonnt. Nächst Joer soll en neien Siedler erauskommen. Bestemmt sin der och enner menge Lieser, déi gesiedelt hun :) De fannen ech op alle Fall deck gudd.

Enjoy:

(more…)

The quick brown fox jumps over the lazy dog

Sou e coole , do geet et net duer fir dee just ze re-tweeten. Dee muss jidder “Schrëftart-Begeeschterten” gesin hun :-) Enjoy!

(more…)

Tinkering School

E iwer eng Schoul, déi e bessen aanescht schafft. Daat wier bestemmt flott, op alle Fall emol sou als Stage. Mee mär si jo zu Letzebuerg… (more…)

Donald Duck Börsdäi

Haut huet ee vun deene Léit, déi mech a menger Kandheet am meeschten influencéiert hun, Gebuertsdag - Den Donald Duck! (Naja, ok a menger ganz fréier Kandheet.)

donald duck debut Donald Duck BörsdäiDéi éischte Keier ass den Donald 1934 ze gesi gewierscht – am “The Little Wise Hen”. Säi Gebuertsdag ass den 9. Juli 1934 fir genau ze sin – an de Filmer gett awer emmer gesoot, e wier den Freiden, den 13ten gebuer gin. An engem Kuerzfilm mam Numm Donald’s Happy Birthday gett gesoot e wier den 13 März gebuer. Daat ass just eng vun den villen Allusiounen op säin emmer-an-eiweg währende Pech. Och säi Auto huet d’Nummereschëld 313.

Natirlech wees jidereen daat en vum Walt Disney (LUEN) kréeiert gin ass. Méi interessant ass vläicht, dass en an Mickey Mouse Cartoon’en wéi Orphans’ Benefit (1934), The Band Concert (1935), Mickey’s Service Station (1935) matgespillt huet. Den Donald’s Ostrich (1937) war seng eischt Haaptroll. An den 1940er Joeren huet en an Saludos Amigos (1942), The Three Caballeros (1945), Fun & Fancy Free (1947) an an Melody Time (1948) gespillt. Aaner Filmer waren:

  • Mickey’s Christmas Carol (1983)
  • Who Framed Roger Rabbit (1988)
  • Mickey’s 60th Birthday (1988)
  • The Prince and the Pauper (1990)
  • A Goofy Movie (1995)
  • Mickey’s Once Upon a Christmas (1999)
  • Fantasia 2000 (1999)
  • Mickey’s Magical Christmas (2001)
  • Mickey’s House of Villains (2002)
  • Mickey’s PhilharMagic (2003)
  • Mickey’s Twice Upon a Christmas (2004)
  • Mickey, Donald, Goofy: The Three Musketeers (2004)
  • The Lion King 1½ (2004)

En ass och fir Oscar’en nominéiert gin:

  • Good Scouts (1938)
  • Truant Officer Donald (1941)
  • Donald’s Crime (1945)
  • Chip ‘n’ Dale (1947)
  • Tea for Two Hundred (1948)
  • Toy Tinkers (1949)
  • Rugged Bear (1953)
  • No Hunting (1955)

Den Oscar huet en anscheinend fir Der Fuhrer’s Face (1943) kritt - e , deen een net vill ze gesin kritt. Just op Youtube:

Iwert dee kann ee jo denke waat e well…

donald duck2 150x150 Donald Duck Börsdäi

Hee war awer net emmer aleng: Am Donald’s Nephews (1938) sin den Huey, Louie and Dewey, bei eis bekannt als Tick, Trick und Track bäi komm, am Donald’s Cousin Gus (1939) den Gustav Gans. Seng Karrière an den Comics war och zimlech rasant. An Däitschland gin haut nach iwer 250 000 Kopien vun senge Comics pro Woch verkaaf. Daat ass och kee Wonner, wann een sech ukuckt, ween alles Deel vun den “Ducks” ass. Hei a klenge Stammbaam aus dem däitschen Comic:

treereiche 300x249 Donald Duck Börsdäi

Och a Videospiller ass en e puer mol virkomm, wéi zum Beispill an desen:

  • Donald Duck
  • Donald Duck’s Playground (1984)
  • Donald’s Alphabet Chase (1988)
  • Quackshot (1991)
  • The Lucky Dime Caper starring Donald Duck (1991)
  • World of Illusion Starring Mickey Mouse and Donald Duck (1992)
  • Deep Duck Trouble Starring Donald Duck (1993)
  • Disney’s Magical Quest 3 Starring Mickey and Donald (1995), (2005)
  • Maui Mallard in Cold Shadow (1996)
  • Disney’s Donald Duck: Goin’ Quackers (2000)
  • Mickey’s Speedway USA (2000)
  • Disney Golf (2002)
  • Disney’s PK: Out of the Shadows (2002)
  • Kingdom Hearts (2002)
  • Kingdom Hearts Final Mix (2002)
  • Kingdom Hearts: Chain of Memories (2004)
  • Kingdom Hearts II (2006)
  • Kingdom Hearts II Final Mix+ (2007)
  • Kingdom Hearts coded (2008, 2009)
  • Kingdom Hearts Birth by Sleep (TBA 2009)
  • Kingdom Hearts 358/2 Days (2009)

Natirlech ass och scho vill driwwer geschriwwe gin – enner aanerem op Twitter:

donald5 Donald Duck Börsdäi

donald4 Donald Duck Börsdäi

donald2 Donald Duck Börsdäi

donald3 Donald Duck Börsdäi

donald1 Donald Duck Börsdäi

(via http://twitter.com/#search?q=Donald%20Duck)

Natirlech gett et dee och op YouTube, richteg a wirklech ze kucken :) Säin eischten :

Lo haat ech meng Sourcen baal vergiess:

Up

(via Movielist)

Photo-Reklam

Hei mol eng Keier e , deen och eng aaner Bedeitung keint hun wei nemmen ze sin.