Blogging zu Lëtzebuerg
Blogging zu Letzebuerg – Ech mengen ech sin durch Zoufall op déi richteg Léit getraff, déi mech e besse kenne féieren a mengem Wee duerch déi Letzebuergesch Blogwelt. Den blogeescht huet mer eng Mail gescheckt, a mech domadder zum Nodenken beweegt…
Déi, fir mech nach e bessen néi, Blogwelt aus eisem Ländchen huet anscheinend och heiensdo Tücken, un déi een mat sengem RealLife-Gehier heiensdo net denkt. Effektiv sin ech, dank mengem Mail-Account bei enger grousser Sichmaschinn, zimlech effektiv géint Spam geschützt. Och op mengem Blog sin ech bis elo nach net vill Spam begéint…
Deen uewen erwähnten Artikel ass deen heiten: Link (ech hoffen et ass ok wann ech dee verlinken)
Den Thierry huet dorops hi geschriwwen:
…deshalb fände ich es auch gegenüber diesen Blogs, die sich Mühe machen, lesenswerte Artikel zu schreiben und dann durch relevantes kommentieren bei mir im Blog auf sich aufmerksam machen, nicht fair, wenn ich jetzt ein x-beliebiges Blog verlinke, nur weil der Autor mich darum gebeten hat (noch dazu mit einem unpersönlichen Text)
Wei gesoot, déi doten hu mech derzou bruecht fir nozedenken. Effektiv, sou “à tête reposée”, ass déi Aproche mam direkten Nofroen vläicht e bessen ze aggressiv (och wann ech oft mat der Dier an d’Haus faalen). Ech wollt domadder just e puer Léit op mäi Blog kreien, well bloggen wahrschäinlech vill méi flott ass wann d’Léit och liesen, waat ee schreift… Ech wees, ech wees, aarmen Ignorant…Ech wärt nach vill Saache léieren, ennerwee beim Bloggen!
Ech well mech demno ganz offiziell bei all deenen aanere Bloggeren entschellegen, deenen ech domadder op d’Féiss getreppelt sin oder ze no komm sin. Ech wollt natiirlech keen domadder nerven, keen zouspammen, keen iwerrennen … ech hun et just onglécklecherwéis nemmen vu menger (begrenzter) Säit gesin – a war zevill mat Liese beschäftegt fir ze mierken wéi meng Aktioun keint wierken.
Ech sin iwerzeegt, daat e puer vu mengen Comments wärte geläscht gin, an hun domadder och guer kee Problem. Op alle Fall awer mol nach ee Merci un all déi, déi sech Zäit geholl hun ze liesen, waat ech froen, an nach méi en decken un déi, déi mer geäntfert hun, oder nach äntferen.
Ech wärt mech och beméien, dem Thierry an dem blogeescht sengen Astucen nozekommen…dofir wärt der nach heiensdo vu mier liesen!
@: http://disposablememoryproject.org/ Ech liese den Blog vun deser Säit zenter enger Zäitchen, nodeem ech iirgendwann driwwer ge-“stumbled” sin. Fannen et…
Den Sproch vun der DP ass jo ganz gudd, trotzdem sin ech net iwerzeecht, daat d’Letzebuerger hier Décisioun emmer ganz…
Also iergendwéi ameséiert mech dat Ganzt elo. Natierlech kanns du op mäi Blog verlinken, du bass dach de Schlasshär hei. (Ausserdeem sinn ech och vun Zolwer.) 😉
Mhh wahrscheinlech e bessen falsch ausgedreckt… Ech war am Fong mei onsecher, well ech net wosst, op ech och dierf esou erauskopeieren… Maachen deen dommen Kommentar elo eweg 😉
Heiensdo vermessen ech Zolwer e bessen 🙂
Hm, ech fannen et net schlemm, no engem Link-X-Change (ech sinn jo sou web 1.0) ze froen, wann een schon bessen an deem Blog gelies/kommentéiert huet, an vläit den Auteur bessen kennengeléiert huet. 🙂
An du selwer kanns jo hei linken, weens du wells. Mee deng Entschellegeung fannen ech léiw. Ech bookmarken dein Blog mol.
Bah, un sech huet “Ech froen net no Links” fir mech naischt mam letztebuergeschen Blogklumpen (say
whatblogosphere again!), mee ass einfach esou. An ech wees net, ech gin och leiwer op en Blog kucken vun engem, den en interessanten Artikel geschriwen huet, wéi vun engem, den just geschriwen huet “Komm op main Blog!”.An soss: D’Lieser kommen quasi ganz vun elleng. An der Blogbuerg stees de jo schon – an wanns de vlaischt heinsdo en Trackback oder Kommentar (zum Thema) bei aaneren Leit hannerleis, kommen déi schon mol direkt kucken. An wann den Contenu se dann nach interesséiert, bleiwen se bestemmt. Oder et geht hinnen wéi ech, se gin duerch Mund-zu-Mund-Propaganda drop opmierksam gemaach!
Salut,
jo, Linkaustausch ass supi 🙂 Ech hunn dech bei mier ennert “Other Blogs” verlinkt.
Greetings 😉
Marc (aka. Alcatraz)
Iergentwei erennert mech dat dach un eppes… ech hat emol virun langer zeit en ähnlechen attempt gestart, geif en lo verlinken wann ech net ze faul wier en zreck ze sichen.
mee sou Entré’en an d’sozial Emfeld vun der Blogwelt laafen net emmer ganz glaat of, dat verstin ech
Hehe…dofir sin ech lo fläisseg um liesen, a wann ech eppes interessantes fannen, dann comment’en ech och mol 🙂
Salut, ech hun grad dain Blog entdeckt an wollt och selwer en Blog schreiwen, an dofir dech mol froen obs du mir keins e puer Tipps gin, iwert WordPress an Adressen.
Merci am viraus!
P.S: Sin och bei Twitter
Maja Chris… Et gin wahrscheinlech e puer Meiglechkeeten, fir e Blog. Am einfachsten wier et wahrscheinlech fir op wordpress.com unzefänken, do kenns de gratis e Blog mat WordPress starten (deen zwar e puer Saachen net huet, par-rapport zum selwer-gehosteten, wéi zum Beispill plugins…). Du kriss do vun hinnen eng Adress am Format.wordpress.com. Sou kanns de der vläicht emol eng Idee machen, wéi d’Bloggen sou ass, a wéi’s de mat WordPress eenz gess.
Wann nach froen sin, färt net 🙂