Cuil – nët “cul”
Haut hun ech am Point 24 – jo, ech haat näischt besseres ze din, ech sutz an engem Warteraum – eppes iwert eng nei Suchmaschinn gelies.
Vun Point24.lu: NEW YORK (AFP) – Des anciens cadres du géant internet Google ont lancé un nouveau moteur de recherche, baptisé Cuil — du mot gaélique signifiant connaissance — qui se veut concurrent du leader mondial de l’internet. (Full Story:
here)
Ech wees net, op schon een vun ierch eppes dovun geheiert oder gelies hun, mee ech fannen et interessant emol eng aaner Suchmaschinn ze benotzen. Et gin der zwar eng Onmass, mee si si jo net all sou “gudd” wéi Google – oder solle mer soen sou bekannt?
Ech hun de Site emol ausprobeiert an d’Resultater sin nawell ok. D’Resultater hun emmer ee klengt Bild derbäi – déi gin awer am Moment nach falsch ugewisen. D’Idee fannen ech gudd. Allerdings ass et nach immens emständlech fir déi eegen Säit ze indexéieren…mee gi mer hinne mol eng Chance.
Lo haat ech dach glaat vergiess de Site unzegin: http://www.cuil.com/
Waat fir eng Suchmaschinne benotzt där dann?
Sorry, there are no polls available at the moment.
Vläicht hudd der gemierkt daat mam neien Ausgesin vun mengem Blog och an engems en neien Titel “entstaan” ass: ramblending….
Du hues daat wichtegst awer vergiess: Cuil spaichert keng Notzerdaten an seet vun sech selwer, se hätten den greißten Index weltwait. Ech sin gespaant, ech wärt Cuil secher mol als Sich am Firefox anstellen. Mee normalerweis benotzen ech Google just als Rechenmaschin an sichen Themen zu denen ech eppes wessen well, virdeischt mol op Wikipedia, iert ech eng Recherche starten. Oft geht et jo duer, eng Erklärung zum Begreff/eng Definitioun ze kréien.
Recht hues de … gudd dass de daat derbäi gesaat hues… Fir dei Engine als Sich am Firefox anzestellen din ech mech allerdings e besse schweier. Een Tip?
Du gees op cuil.com, dann klicks de riets uwen do wous de d’Sichmaschin kanns auswiehlen an klicks op “add cuil” 🙂 Un secher supereasy
Merci! Ass wirklech super-easy – ass awer och iwer emständlech Manéier hin ze kreien. Mozdev huet eng Lescht mat deene läschten Sichmaschinnen. Thx fir den Tip allerdings!
wikipedia ass top, google soll déi mol opkafen, just schrott, datt s de am wikipedia lo blanien hues, déi alles ewechhuelen. wat hinnen net gefält, cuil ass och dämlechen numm, erënnert un eng qouille, souwisou, wa se bis succès hunn, da keeft Google se op, der Serguey an de Larry, 11 Milliarden Dollar, an nach keng 35 joer, bullshit talks, money walks, an hei zu Lëtzebuerg gëtt nees nogekuckt