Dan Kerschen

Familljemënsch

Enseignant

Basketspassionéierten

Dan Kerschen

Familljemënsch

Enseignant

Basketspassionéierten

Menu
Blog Post

Acer Aspire One A150

19. Aug 2008 Hobby

Well den Sven iwert den Acer Aspire One gebloggt huet, war ech och an den Hifi gefuer fir mer daat Dengen eng Keier unzekucken. Wéi daat dann sou oft geet, ass et net beim kucken bliwwen. Hei meng (eischt) Impressiounen vun dem klengen Groussen.

Gehaiss:

D’ Gehäiss ass super flott. Et gett deen klengen an 4 Faarwen bis elo: Wäiss, Rosa Schwarz, Brong an Blo (kuck hei). Am Hifi haaten se natirlech nemmen den wäissen an den bloen. Well den bloen schon 100erten Fangerofdreck um “Reck” haat, hun ech mer den wäissen matgeholl. Et ass awer net sou eng einfach langweileg Faarw – et ass sou ee liichten Perlmut (heescht daat esou?) / Zockergoss – Effekt um Deckel vum One.

Daat ganzt Netbook ass am Plastik, mee daat steiert mech am Fong net weider vill. Et mecht awer e stabilen Androck. Ech brauch weider kee Schnik-Schnak. Ajo, d’Gehaiss ass am ganzen nemmen 249 x 170 x 29 mm grouss.

Bildschirm:

Den Acer Aspire One huet en 8,9″ CrystalBrite LCD. Daatmecht eng Opléisung vun 1024 & 600 Pixelen… Net besonneg grouss, mee ech mengen et geet duer, fir en Ultra-Portablen. Wann ee firdrun setzt gesäit daat ganzt super kloer ass, besser wéi daat waat ech bis elo sou gesin hun (z.B.: EeePc). De Visiounswenkel ass och grouss, allerdings wann een den Display an d’Luut hällt, reflektéiert daat ganz zimlech vill…Vläicht leen ech mer eng Keier sou eng Folie zou.

Tastatur:

Super. Ech sin ganz zefridden. Well se anscheinend d’Tasten eng Onz méi kleng gemach hun, konnten se eng komplett Tastatur abauen. Daat eenzegt waat ech als e bessen gewohnungsbedürfteg haalen ass den Home an den End Knäppchen.

Mousepad:

E klengt Mousepad ass natirlech och integréiert. Am Ufang war ech e besse skeptech, well ech nach emmer mat normaler Maus geschafft hun, mee mat der Software vun Synaptics ass daat och vergiess. Sou vill Astellungsméiglechkeeten, wéi een nemme gären hätt, an mat dem Virtual Scrolling klappt ..ehh.. d’scrollen och gudd.

Uschlëss:

Den One huet 3 USB-Uschlëss (1 lenks an 2 riets), 2 Card-Reader: een, dee fir Storage-Ausbau duerch eng SD-Card geduecht ass an ee Multireader fir Secure Digital, MultiMediaCard, Reduced- Size Multimedia Card, Memory Stick®, Memory Stick PRO, xD-Picture Card. Ee VGA 15-pin Port, ee RJ-45 Network Port, ee Microfon an een Headphone Port. Ajo, ee Micro an eng Webcam huet en och. En huet och en Wifi-Port (802.11b/g).

Webcam:

Daat firwaat ech se bis elo benotzt hun, ass se gudd duergaang an et war och e kloert Bild. Souguer zimlech hell, wann ee bedenkt wei däischter et am Zemmer war.

Batterie a Power:

Et ass een 3-Zellen-Akku, dee mer just 2,5 Stonn ouni Stroumuschloss schenkt. Et sin der am Fong zimlech weineg. Soubaal den 6-Zellen-Akku erauskennt, mengen ech kaafen ech mer deen, als Accessoire.

Den One benotzt en 1,6 Ghz Pentium Atom Processer, deen en am Fong zimlech schnell mecht.

Software:

De One leeft mat enger Windows XP Home Pre-Installatioun. D’Sprooch ass wielbar, dozou kommen e puer Apps vun Acer an eng Trial-Versioun vun Office 2007 Studenteversioun an irgendeen Antivirus – Vill ze déinstalléieren an nei anzestellen. Lo leeft OpenOffice an Firefox – Thunderbird. Digsby, Skype, etc. leeft och lo drop.

Ee Problem haat ech mat Google…Soubaal ech d’Mailen op mengem Desktop erofgelueden hun, waren se net mei um Laptop erofzelueden. Komesch Saach, d’Léisung hun ech hei fonnt:

http://mail.google.com/support/bin/answer.py?answer=47948&topic=1556

Duerno wollt ech mer ee Program fir ze bloggen erofhuelen, an probeieren elo mol den Windows Live Writer:

http://get.live.com/writer/overview net praktesch fir mech

Nodeems ech mech op dese Plaatzen informeiert hun:

http://thewrongadvices.com/2007/06/04/offline-blog-editing-tools/

http://darcknyt.wordpress.com/

Fir d’Fichier’en ze syncen huelen ech den Synctoy 2.0 vun Microsoft, deen et gratis gett. Allerdings muss een dofir ee Netzwierk laafen hun.

Bookmarks syncen ech mat Xmarks, Kalenner an Adressbuch mat Funambol (mat deme syncen ech och mäin iPod Touch).

Schlofplatz:

Déi Huss aus Plastik/Lieder, déi beim One derbäi war ass näischt wert, ausser vläicht géint kleng Kratzer. Ech hu mech op d’Sich gemach fir eng Posch ze fannen, mee sou einfach war et net. Do hun ech mech erennert, daat ech mer eng speziell Editioun vun Siedler 6 bestallt haat, mat enger Posch aus Lieder derbäi. Do passt de One genau dran. Ech hun se allerdings nach e besse gepolstert.

Fazit:

++

Kleng, Nei, Schein, Praktesch, Gudd Tastatur, Gudd Mousepad,…

Kuerz Batterielaafzäit

Tags:
Related Posts
8 Comments
  • Sven | Blog 7 14:16 20. Aug 2008 Reply

    Ech sin och schon op der Sich noom 6-Zellen Akku, hun en awer bis elo just eréischt am T-Online Shop fonnt, wou en 99 Euro kascht.

    Als Posch hun ech mer elo eng individuell Ufärdegung bei Raedan.de bestall. Sin emol gespaant wéi gudd déi ass.

    Ajo, an bis elo gett et den One just am Bloen, Wäissen, Brongen, an ROSAEN. Vun deem Schwarzen hun ech aktuell nach keng Fotoen am Internet gesin, mee just op der Köscht selwer vum One.

  • Dan-Lux 14:23 20. Aug 2008 Reply

    Merci fir den Comment – kucke mer mol Raedan.de und an och beim t-Online-Shop emol laanscht. Verbesseren d’Farwen, wees am Fong och net wéi ech elo do dru komm sin, ausser vläicht vun der Kescht.

  • Bob Reuter 17:19 20. Aug 2008 Reply

    an ech duecht op daer machine waer linux pré-installéiert… 🙂 tjo, dann muss du dech alt mat dem dreck vu windows remklappen… 🙂

  • Dan-Lux 17:59 20. Aug 2008 Reply

    Stemmt och – et kritt een déi zwee 🙂

  • Sven | Blog 7 21:30 20. Aug 2008 Reply

    @Bob: Et kann een de Linux jo och emmer nach “norüsten”, Driveren gin et jo. Ech kann mat XP op engem Netbook liewen.

  • Carole 15:51 22. Aug 2008 Reply

    Interesséieren mech och fir den Acer Aspire A150X,
    an wollt dozou mol froen, ob daat stemmt, dass den Ventillator ziemlech haart ass, an daat dann och vill stéiert.
    Hunn daat nämlech op enger Internetsäit gelies.

  • Dan-Lux 19:17 22. Aug 2008 Reply

    Salut.
    Maja, ech hun den Acer Aspire One elo zenter enger gudder Woch am Gebrauch – eigentlech em Dauerbetrieb. Ech muss eierlech soen, daat d’Geräisch vum Ventilater mär nach net onangenehm opgefall ass. En ass menger Meenung no net méi haart, wéi den Ventilater vun engem aaneren Laptop.
    Allerdings leeft e wahrscheinlech méi oft, well d’Killung vun der CPU a vum Rescht iwert den Schutzscheld vum Klavier leeft (souwäit ech wees) an den Ventilater doweinst méi Wärmt muss erausblosen. Mech stéiert et awer op alle Fall guer net.
    Wanns de Loscht hues kanns de allerdings bis an den Hifi op Bartreng fueren, do haaten se zwee Aspire One A150X an der Ausstellung stoen. Wees awer net op se déi nach emmer do stoen hun, vläicht riffs de besser un iers de fiers.
    Wanns de Chance hues, kann de Sven der vläicht och seng Meenung soen, wann net kanns de och op sengem Blog nofroen.
    http://www.seven.lu/blog/
    oder
    http://www.seven.lu/2008-08/acer-aspire-one-erste-eindrucke

  • Carole 22:06 22. Aug 2008 Reply

    Villmols merci fir deng Äntwert.
    Mengen, ginn mer en dann mol an den Hifi ukucken. Dann kann ech jo nach emmer kucken ob ech en kaafen oder net.

    Merci

Eng Äntfert loossen

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.