Dan Kerschen

Familljemënsch

Enseignant

Basketspassionéierten

Dan Kerschen

Familljemënsch

Enseignant

Basketspassionéierten

Menu
Blog Post

WordPress 2.6

11. Aug 2008 Personal

Ech hun elo de Metten décideiert daat ech och lo mol op WordPress 2.6 sollt updaten. Gehollef huet mer den Guide vun WordPress, deen ass wirklech ganz gudd… Et huet och alles ouni Problemer geklappt, souguer all meng Plugins funzen nach.

Allerdings sin ech elo net méi mam Layout zefridden a sichen no eppes besseren, a méi originellen. Ech giff e jo selwer machen, awer ech kennen net genuch vun déier Programméiersprooch (well HTML ass daat jo net mei sou ganz). An ech hun och keng Loscht fir mech dohin ze setzen an daat ze léieren, op alle Fall am Moment net.

Maja, wann e puer Dengens heiensdo elo kromm hänken héi, dann sierft mer net béis a kommt 10 Minutten drop erem kucken – da misst erem alles klappen.

Tags:
Related Posts
WordPress 2.8

Nodeems ech zenter geschter méi wéi een Post iwer WP 2.8 gelies hun an eiser Blogosphäre, wollt ech mäi Päfferkär…

Reblogging: Web 2.0, ouni Riets

Fir déi Léit, déi sech am Web 2.0 eremdreiwen – hei eng kleng Aktioun, geint Riets-Extremismus… http://blog.pianocktail.lu/info/web-20-ouni-riets-2/ Sech géint den…

5 Comments
  • Fireball 21:34 11. Aug 2008 Reply

    Amfong ass et ziemlech einfach, wanns de gudd mat HTML an CSS emgoen kanns. Et ginn och eng ganz Retsch Guiden an Tutorials bei wordpress.org, déi ganz gudd erklären wéi et geht. Vun dohier kanns de der et bei Geleegenheet jo eng Kéiher unkucken. An et ass jo lo och en néien Layout-Directory bei WordPress opgaangen!

  • Dan-Lux 21:46 11. Aug 2008 Reply

    Mhh Css huet mer nach emmer besse Problemer gemach… Daat war iirgendwei nie sou menges. Hu mer awer emol d’Layouts bei WordPress an op aaneren Säiten ugekuckt, hues de vläicht schon gemierkt … Mengen ech sin lo sou lues décidéiert 🙂

  • Marc Backes 12:57 12. Aug 2008 Reply

    Also ech fannen deendo Design toll. Do kanns de bestemmt och deng eegen Biller an d’Fotosrumm uewen maachen.
    Mee haas du keng Problemer mat den Kathegorien weis du op WordPress 2.6 emgestallt huers?

  • Dan-Lux 13:10 12. Aug 2008 Reply

    Wei gesoot, bei der Emstellung haat ech guer keng Problemer, mee ech sin och vun 2.51 op 2.6 emgeklommen… Ech haat e bessen Angscht bei den Plugins, mee et schengt alles ze funktioneieren. Lo muss ech daat ganz (mam Theme) just nach personaliseieren.

  • Sven | Blog 7 21:24 14. Aug 2008 Reply

    Ech sin mol op 2.7er Versioun gespaant. Anscheinend soll do (endlech) d’Autoupdate Funktioun kommen, wéi bei de Plugins neierdéngs.

Eng Äntfert loossen

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.