Dan Kerschen

Familljemënsch

Enseignant

Basketspassionéierten

Dan Kerschen

Familljemënsch

Enseignant

Basketspassionéierten

Menu
Blog Post

Computerspielesucht um Beispiel von WoW

19. Nov 2008 Schoul

Ech machen grad eng Formatioun mat, iwer Computerspielesucht um Beispiel vun World of Warcraft. Hei ass den Live-Blogging vun der Session.

19:15: Introduction mat e puer Videoen, wéi Schüler op Entzug reageieren, wann een hinnen d’Manetten eweg hellt. Klasseg. Wei mer wessen, huelen Extremspiller och gären Fläschen fir hier natirlech Bedürfnisser ze befriedegen mat bei den PC

19:35: 14,3% vun den Jongen sin extrem gefährdet fir eng Sucht op PC-Spiller ze entwekkelen. 3,8 % vun den Meedecher. Extremspiller spillen an der Moyenne iwer 7 Stonnen den Dag.

19:40: Wei bei allen Suchten: Sozial Problemer, Stress an der Partnerschaft, Schlofmangel, etc… Trotzdem spillt de Süchtegen weider. Och de Verloscht vun der Kontroll ass bekannt.

19:45: Einführung zu World of Warcraft. World of Warcraft, The Burning Crusade, Wrath of the Lich King. Den Ennerscheed zweschen Horde an Allianz gett erklärt. (Ass d’Spill net rassistesch, als Mensch kann een nemme Wäiss sin). Et gin och verschidden Klassen, dei kuerz virgestallt gin. Eis Moderatorin huet ee Mensch, dee bei si heem kennt, an fir si level’ed.

19:50: Waat mecht de Spiller: Aufgaben léisen. Levelen kreien, Aufgaben léisen, Aufgaben léisen, Levelen. Duerno Instanzen bis 5 Spiller spillen. Duerno Raids mat bis zu 40 Mann – fir Belounungen vun deenen decken Monsteren ze kreien. Et kann een och Spiller geint Spiller kämpfen. Et kritt ee Belounungen, sou genannten Drops. Dei Drops, déi Ausrüstung mussen all beieneen passen.

20:00: Mär gesin elo Beispieler vun deene Quests. Mär gesin och wei een vun enger Plaaz op déi aanerer fléien kann. E puer kleng Iwerraschungen kann een och kreien, wéi zum Beispill kleng Pets, déi ee ka mathuelen, oder d’Méiglechkeet fir e Päerd erbäizezauberen.

20:10: De Phänomen vum Multiboxing gett erklärt. Ee Spiller spillt mat e puer PC’en an e puer Account (a bezillt och e puer mol) gläichzäiteg.

54,2% vun den Meedecher teschent 12 an 17 Joer hun den Spillkommeroden Geheimnisser erzielt, déi keen vun hiere realen Kollegen kennen.

20:20: Waat kann een geint Wow-Sucht machen?

Elterenkontrolle aschalten (Dei kann een awer och emgoen.) Suchtberichter liesen helleft och: et kann ee mol kucken op www.rollenspielsucht.de kucken goen, oder op www.onlinesucht.de, dann bronski.net, nach eng Engleschsäit: www.wowdetox.com (Vläicht nach eng Google-Sich mat Wow an Addiction).

Natirlech muss den Papp an d’Mamm och säin eegenen Medienkonsum kritesch kucken. Wahrscheinlech ass de Papp net sou am Stand sengem Kand ze hellefen wanns en selwer 4 Stonnen Fernseh kuckt um Steck.

Koabhängegkeet ass ee Punkt wou ee muss oppassen,  d’Mamm muss dem Bouf jo net d’Iesse un de PC ze brengen.

Loscht um Liewen an un der Bewegung helleft am Prinzip oft bei Suchtproblemer.

Tags:
Related Posts
WordPress 2.6

Ech hun elo de Metten décideiert daat ech och lo mol op WordPress 2.6 sollt updaten. Gehollef huet mer den…

Zelda op seven.lu

Ech konnt mer et elo net verquessen (schreift een daat sou?) an hu missten dem Sven säi Video vu seven.lu…

3 Comments
  • Georges 22:36 19. Nov 2008 Reply

    Super Iddi, live vun engem Séminaire ze bloggen. Sou kënne jo och aner Leit fir d’Matière interesséiert ginn, déi net genuch Ureiz oder keng Zäit haten fir dohin ze goen. A mat de Linken kann ee sech jo direkt weider informéieren. Gutt Initiativ, et géif mech freeën, an Zukunft méi sou Artikelen hei ze liesen.

  • pa 23:09 19. Nov 2008 Reply

    Live-blogging vun enger Computersuchtformatioun? Goung et do och ëm Bloggingsucht? 😉

  • Dan-Lux 08:34 20. Nov 2008 Reply

    @Georges: Hehe merci! Fir mech ass et och flott, well ech sou an engems Notizen zum Thema kann huelen, déi ech och sou seier net verleieren 🙂 Allerdings hänkt mäi Live-blogging nach domat zesummen, wou ech een Gratis-Wifi-Zougang fannen, well d’Datepläng, déi een hei am Land fir Mobil-Surfing kritt mer definitiv ze deier sin. Am Centre Barblé ass awer Gottseidank ee Gratiszougang.

    @pa: Liveblogging vun enger ComputerSPIELEsuchtformatioun. Allerdings war ech verleed derzou fir och WoW ze starten, oder en aanert Spill ze spillen während der Formatioun… 😉 Bloggingsucht ass mer nach net ennerkomm, ass daat och eng Sucht?

Eng Äntfert loossen

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.