Dan Kerschen

Familljemënsch

Enseignant

Basketspassionéierten

Dan Kerschen

Familljemënsch

Enseignant

Basketspassionéierten

Menu
Blog Post

Rentrée

17. Sep 2009 Schoul

Ahh. Haut war also Rentrée. D’Schüler hun sech baal net méi vun Freed konnten haalen…

Schüler: “Wéini geet de Cours dann un?”…

Ech: “Muar ass ganz normal Cours, sou wéi virun der Vakanz.”

Schüler: “Wéi, muar schon? Ech duecht do giffe mer nach näischt machen…”

Ech: “…”

Waat soll een dann dozou soen. Schued daat ech an der Vakanz am Congé net méi Zäit haat fir ze posten … Ech hoffen ech kann mech verbesseren.

prof rentrée

Tags:
Related Posts
Sproch vum Dag

Haut de Moien live an der Schoul. Et huet grad geschellt, ech gin d’Schüler sichen fir se aus dem Préau…

Fun mat de Schüler

Muar gett et bestemmt witzeg a mengem Cours. Hei en Beispill vun deem waat mer maachen: aD hets hci ,nun…

7 Comments
  • Ben 17:06 17. Sep 2009 Reply

    Déi Schüler hun jo déi perfekt Astellung fir daat bescht aus dem Joer ze maachen!
    Mee wéi kommen se nemmen drop, dass no der Vakanz alles reicht ganz lues uleeft? Während dem Joer get Méindes jo och net manner geschafft wéi Densdes.

    • Dan Kerschen 17:10 17. Sep 2009 Reply

      Klengen PS: Ech schaffen am Modulaire! 🙂

      • Ben 17:13 17. Sep 2009 Reply

        Erklärt leider e bessen Situatioun, mee et as schon irgendwéi traureg…

        • Dan Kerschen 18:15 17. Sep 2009 Reply

          Ech sin iwerzeegt dervun daat sou Kommentarer och vun Klassik-Schüler kéinte kommen. Déi zielen se just ennert sech an net dem Prof …

          • Ben 18:43 17. Sep 2009

            Daat wärt den Ennerscheed sin, mee enner Eis (13GE) waar sou eppes haut net obkomm, just bei den Hausaufgaben as en klengen Seufzer duerch d’Réihen gaag an daat üblecht ‘ech sin frou wann daat Joer riwer as’

          • Dan Kerschen 12:53 18. Sep 2009

            Hehe “ech sin frou wann d’Joer eriwer ass” – Daat huet jo och eng aaner Influence, wéi wann d’8MO et seet 🙂

  • Bob Reuter 07:06 19. Oct 2009 Reply

    Woren mir net all emmer rem frou, wann d’Joër riwer wor..? ech hat mat-studentInnen op der Uni zu Bréissel, dei genau och op deem “niveau” sou asoen gemeet hun… ech mengen et huet mat “intelligenz” naischt ze dinn fir sou saachen ze denken, mee ech deelen dem dan seng aschaetzung, dass d’schüler am classique vläit e bessi mei schlau sinn, fir et net vrun de enseignants’en ze soen… fir de recht, bléift alles beim aalen… NULL BOCK OP LEIEREN AN SECH SELWER ENTWECKELEN… dat ass dat waat schued ass, dass dee funken vu vurwetz op d’welt a sech selwer aus der kandheet sou séier verloschen ass… 🙁

Eng Äntfert loossen

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.