Sproch vum Dag
Haut de Moien live an der Schoul. Et huet grad geschellt, ech gin d’Schüler sichen fir se aus dem Préau an de Klassesall ze begleeden. Ennerwee fir déi zwee Stäck erop, fällt mer op, daat ee Schüler kee Schoulsaack un huet.
Ech: “Marc, wou ass däi Schoulsaack dann? Hues de deen am Préau stoen gelooss?”
Marc: “Nee, nee…”
Ech: “Ma wou ass en dann?”
Marc: “Ech hun en am Kebab vergiess.”
Ech: “Wéi dann daat?”
Marc: “Ma ech hun en e Freiden während der Mettespaus do vergiess…”
—
Speider, am Klassesall:
Ech: “So Marc, virwat wars de de Schoulsaack dann net sichen?”
Marc: “Ma et ass dach e Sonnden kee Bus gefuer, vun mär aus op Péiteng!”
Ech: “Mee a Samsden, ass do och kee Bus gefuer?”
Marc: “Do konnt ech net – ech haat eppes aanescht ze din.”
Ech: “Waat ass dann méi wichteg, wéi de Schoulsaack siche goen, mat denge Saachen dran?”
Eng aaner Enseignante: “Hues de missten schlofen an duerno PS3 spillen?”
Marc: “Nee daat war et net.”
Ech: “Waat war et dann? Hues de missten de ganzen Dag Fussball spillen?”
Marc: “Jo – dofir konnt ech dach net fueren…”
Do feele e bessen d’Wierder. Mär hätten eis dach nie ouni Schoulsack an d’Schoul getraut – oder ieren ech mech?
Dem Marc säi Numm hun ech fir dese klenge Bäitrag geännert.
Ahh. Haut war also Rentrée. D’Schüler hun sech baal net méi vun Freed konnten haalen… Schüler: “Wéini geet de Cours…
E Video iwer eng Schoul, déi e bessen aanescht schafft. Daat wier bestemmt flott, op alle Fall emol sou als…
Sou traureg wéi et och ass, et ass awer flott dass en sech kierperlech beweegt huet, an net nëmmen d’Fangeren op der Manette.
Apropos: Et ginn och déi Schüler déi hiren Turn-Beutel verléieren, dann aus enger grousser Këscht Kleeder geléint kréien, mä net mierken dass dat hier eegen Kleeder sinn, déi een fonnt huet an do an d’Këscht geworf huet 😉
N’empêche, dest weisst eis dass FUSSBALL am Liewen vum MARC mei WICHTEG ass wéi Schoul…
dat kann een lo traureg fir de Marc fannen, mee ech fannen et traureg fir d’SCHOUL.
Et weisst kloer an prägnant, dass se et net färdeg bruecht huet, fir eng wichteg plaatz a sengem liewen, sengen gedanken a sengem Härz ze hun…
à méditer: avant de condamner l’élève “en faute” j’utiliserai ses dires et actes comme un miroir pour moi-même.
A wéi’s de all schlusssatz gesoet hues “ech hätt mech nie getraut”… dat fannen ech perseinlech nach am trauregsten, fir dech, dass et eng affaire vun Angscht wor, dech net ze trauen ouni schoulsaack an d’schoul ze kommen, a net mol eng saach vun freed a begeeschterung fir därfen mat dengen Saachen an d’Schoul ze kommen wou’s de flott an interessant saachen konns oder haess kennen léieren…
mee ech well lo och dir net ze no trieden, well du bass jo och net schold un där schoul dei’s du fréier als schüler erlieft hues, mat all hieren zwäng an ängschten, well mir ass et deemols och net aanescht gangen…
Daat wonnert mech net vun dier Bob, du muss deenen aneren och emmer ze no trieden 🙂
Nee elo am Eescht – ech gesin “getraut” hei net am Senn vun Angscht hun – mee eischter am Senn vun Respekt weisen. Ech muss och eierlech soen, daat bei eis an der Primärschoul keen op d’Idee komm wier fir säi Schoulsack net matzebrengen, daat war einfach selbstverständlech, daat mer deen emmer derbäi haaten.
Mee ech mengen daat hänkt och vill vun der Erzéiung of, déi ee genoss huet. Daat ass a mengen Aen hei ganz wichteg.
@Dan: jo, wanns de “sech trauen” esou gesäiss, sin ech och net onaverstaanen mat dir… ech wollt u sech och nie bestreiden, dass d’Erzéiung -en général- hei onwichteg oder irrelevant waer… ech denken eben juest, dass et och haut zum deel einfach d’roll vun der schoul gin ass, fir och un där Erzéiung sech ze bedeelegen… well einfach jüst driwer lamentéieren, dass d’kanner oder dei jugendlech net erzun gi sinn vun hieren Elteren, dat mescht eis -als teachers- nemmen jüst letargesch an hellefsloos… a mir kennen dach sou vill mat dru schaffen, dass d’kanner ze entweckelen, well si verbrengen sou vill zait an der schoul… u sech vill mei wei mat hieren elteren… dat wor u sech dee spiggel deen ech eis all -als teacher mech matabezunn- virun aan wollt haalen… mir hun dach ee gewessen afloos op hier entwecklung, weisou dei net notzen? a wa mer mierken, dass mir oder d’schoul net wichteg fir si sinn, dann daerfe mer eis awer och mol froen wourunner dat keint leien, an eventuel op et och un eis leit, an —mei wichteg— waat mir dorunner selwer änneren/beaflosse kënnen… well MACHTLOOS si mir net an virun allem DÄRFE MIR NET OCH NACH MACHTLOOS sinn, well d’elteren fillen sech oft schons esou vis-a-vis vun hiere Kanner — a schliesslech si mir jo awer d’PROFIS, a wa mir schons machtloos sinn, wei sollen d’Elteren sech dann machtvoll spieren, als AMATEURS’en???
A méditer 🙂
an ech mengen net dass et “fréier” keng Kanner gin ass, dei sech dat NIE GETRAUT hätten… et gouf schons emmer Kanner fir dei d’Schoul net *dat allerwichtegst am liewen* wor… mir 2 woren juest vlait keng sou, well mer och d’Chance haaten an enger Famill opzewuesen, dei een als “bildungsnahe Familie” bezeichnen kéint… 🙂
versteih mech net falsch, je ne veux pas excuser, mais comprendre et expliquer… well dann ass et mei einfach sech och interventiounen auszedenken an ze maachen…
@Dan: ech fannen et awer och ganz gudd, dass du dai blog hei notzt fir saachen festzehaalen an eis matzedeelen dei dir am schoulalldag opfaalen an iwert dei’s du dir gedanken mess… ech hoffen, dass mir all dir dobai hellefen aus deenen gedanken an iwerleeungen eppes Kreatives ze maachen an dir och eng kleng kontributioun leeschten fir dech op eng nei art&weis ze EMPOWEREN… fir deng perséinlech a professionnel entweckliung ze begleeden… well entwecklung virundreiwen (wei’s du et secher probeiers ze maachen) fänkt definitiv mat der DOKUMENTATIOUN vun engem sengen Erfahrungen a Reflexioun un… 🙂